Dës Ziler huet den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger am 100,7-Interview confirméiert.
Fir d’Moderniséierung an d’Digitaliséierung vun der Steierverwaltung sollen an den nächste Jore vill Suen investéiert ginn. Dës Schrëtt an e puer Etappe soll dozou féieren, datt et fir d’Bierger:innen a fir d’Entreprisë méi séier a méi einfach gëtt, hofft den Direkter Jean-Paul Olinger.
"D’Envelopp läit momentan bei iwwer 200 Milliounen Euro. Dat ass änlech wéi een dat an anere Beräicher, wéi an der Santé, gesäit, wou déi Digitatiounsprojeten och ganz vill Sue wäerten am Ufank als Investissement brauchen."
Méi kuerz Beaarbechtungszäiten
D'Fonctionnementskäschten duerno géifen awer méi bëlleg ginn, wéi haut, esou de Jean-Paul Olinger. Et géif sech fir de Staat also esou oder esou rechnen.
Duerch eng nei intern Plattform sollen zum Beispill d’Beaarbechtungszäite reduzéiert ginn.
D’Zil, datt bis 2028 100.000 Steiererklärunge solle virausgefëllt sinn, war scho virun iwwer engem Joer ugekënnegt ginn.
Manner Feeler
Dofir hätt ee bis elo eng 23 Verwaltunge kontaktéiert, déi wichteg sinn, fir d'Steiererklärung.
"Donieft si mir amgaange mat de Banken an den Assurancen ze kucken, fir déi Bierger, déi bereet sinn, datt d'Banken an d'Assurancen an d'Informatioune weiderginn, datt déi schonn an der Steiererklärung dra sinn."
Dat géif zu manner Feeler féieren. Iergendwann sollt d'Steiererklärung esou einfach ginn, wéi ee Certificat de residence iwwer MyGuichet ze froen.
2024 wiere knapp 10 Prozent vun de Steiererklärungen iwwer den elektroneschen Assistent ausgefëllt ginn. An der Tëschenzäit wier een op 15 Prozent.
An den nächste Jore soll den Taux op 85 Prozent klammen, esou d’Hoffnung vum Direkter Jean-Paul Olinger.
D’Steierverwaltung huet de Moment ronn 1.200 Mataarbechter:innen.