arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vum Mediegesetz: Fuederung no eenheetleche Reegele fir all Medieberäich

National

|
reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow

Reform vum Mediegesetz: Fuederung no eenheetleche Reegele fir all Medieberäich

Aus der ALIA, der Autoritéit fir déi audiovisuell Medien, soll an Zukunft d'ALIM ginn, déi fir déi gesamt Medien zoustänneg wier. Dat heescht souwuel déi audiovisuell, wéi och déi geschriwwen an déi elektronesch Medien.

reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Dat geplangte Mediegesetz wier awer nach op enger Rei Plazen net prezis genuch, kritiséiert de Presserot, dee gëschter eng Entrevue hat mat der zoustänneger Chamberkommissioun. Eng aner Suerg vum Conseil de Presse ass d’Gouvernance vun der ALIM - Autorité luxembourgeoise indépendante des médias.

Illegale Contenu soll online méi séier kënne gelëscht ginn

De Presserot wëllt sech net an d'Gouvernance vun der Opsiichtsautoritéit amëschen, well déi d'Medien eebe soll reguléieren, mee et hofft een awer, datt d'Missioune kloer definéiert ginn, ënnersträicht de Paul Peckels vum Presserot.

"Eis ass dru geleeën, datt déi Leit an der ALIM wëssen, vu wat si schwätzen, datt dat Professioneller sinn, datt déi eis Problemer verstinn, datt si eis wuel reguléieren, mee datt si awer och wëssen, vu wat mir schwätzen, datt mir an der zweeter Etapp natierlech och dann déi Departagë kënne maachen tëschent deene méi deontologesche Saachen, wou mir eis Prerogativen dra gesinn als Conseil de presse."

Am Gesetzesprojet ginn et dann och Méiglechkeete fir en illegale Contenu séier vum Netz kënnen erofzehuelen. Dat begréisst de Presserot. Allerdéngs wier den Text ze vill vag, kritiséiert de Misch Pautsch, President vum Conseil de Presse.

"Dat wier virun allem d'Atteinte à la dignité humaine an d'Mise en péril de la sécurité nationale. Ech menge selbstverständlech wäerte mir eis heibannen alleguerten eens sinn, datt dat seriö Theeme sinn, mat deenen een net ronderëm sollt spillen. Dat hu mir och guer net vir. De Problem bei der Saach ass, datt mir gesinn, datt dat potenziell ka relativ breet interpretéiert ginn."

Mediebildung fir Mataarbechter:innen am Enseignement

Eng Missioun, déi all d'Acteuren aus der Mediewelt hunn, ass d'Erzéiung zu de Medien, an do géife souwuel d'ALIM wéi och den IFEN, den Institut de Formation de l'Éducation Nationale, an de Presserot eng Roll spillen, betount de Paul Peckels vum Presserot.

"Do gëtt et schonn esou Groupe-de-Travailen tëschent deene verschiddenen Entitéiten. An net méi spéit wéi an zwou Woche maache mir zum Beispill déi éischt Formatioun fir eng ganz Rei vu Persounen, déi am Léierberuff sinn, also Schoulmeeschteren, Schoulmeeschterinnen, Proffen an esou weider." 

Wéini dat neit Mediegesetz effektiv kann ofgeännert an och gestëmmt ginn, ass fir den Ament net kloer, fir d'éischt géif déi zoustänneg Chamberkommissioun sech mam Avis vum Staatsrot befaassen, deen och eng Rei Kriticke formuléiert huet.

Positioun vum Presserot: Gesetz bréngt Gefore mat sech

De Presserot kritiséiert onkloer formuléiert Reegelen am Gesetzestext zu der neier Medie Kontroll Autoritéit ALIM. Dat sot de President vum Presserot Misch Pautsch de Moien am 100,7 Interview.

Virun allem ee Punkt wier sensibel: D’Méiglechkeet, datt d’Autoritéit Medien dozou verflichte kann, publizéierte Contenu erëm ze läschen. Och wann et dobäi ëm illegal Inhalter geet, wier d’Formuléierung am Gesetz ze onschaarf. Begrëffer wéi "national Sécherheet" géifen ze vill Interpretatiounsspillraum loossen an domat de Risiko vu Mëssbrauch erhéijen. 

De Presserot gesäit och d’Gefor, datt esou Reegelen indirekt kritesch journalistesch Aarbecht kéinten aschränken, esou de Misch Pautsch. 

"Wann iergendeppes eropgeluede gëtt, wat offensichtlech problematesch ass, da soll dat natierlech och Suitten hunn. De Problem ass, datt do Sprooch an Text verwent gëtt, déi relativ flexibel ka sinn. Ënner anerem de Saz attente à la dignité humaine fält, mee och d'mise en péril de la sécurité nationale." 

Op den éischte Bléck géif dat gutt kléngen, mee et kéint och ganz schwiereg ginn. 

"Wann ee kuckt, wou dat Ganzt schonn e bësse mëssbraucht gëtt. Mir gesinn an Italien a Spuenien zum Beispill, do gouf en änlecht Gesetz mat engem änleche Langage benotzt, fir ze verhënneren, datt d'Press Opname vu Police bei der Aarbecht ka maachen. Ech ka mer virstellen, datt sech déi meescht Leit do e relativ séier e Bild kënne maachen, zu wat dat ka féieren."

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam President vum Presserot Misch Pautsch

play_arrow Lauschteren