Haut um Donneschdegmoien hat och déi lescht Instanz dem Verurteelte Jos Nickts recht ginn. De Grupp RTL däerf an zoukënftege Reportagë weder den Numm, Virnumm oder Biller vum condamnéierte fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft am Kontext mat senger Bedruchsaffär nennen.
De Generalsekretär vum Lëtzebuerger Presserot Roger Infalt, schwätzt vun enger Zensur un der Lëtzebuerger Press.
"Et ass eng Zensur vu Lëtzebuerg aus iwwert d'Justiz ewech un d'Lëtzebuerger Press. Also ech mengen, et ass dem Journalist wierklech e Maulkuerf ugedoen, wann een iwwert déi doten Affär wëllt berichten."
Och d’ALJP – d’Associatioun fir Lëtzebuerger Journalisten a Journalistinne – kritiséiert mat aller Schäerft d’Decisioun vum Cassatiounsgeriicht, wéi et an engem Schreiwes heescht.
"Geféierleche Präzedenzfall"
D’Affär ëm de Jos Nickts wier en historesch wichtege Fall, deen d’Ëffentlechkeet am Kär betrëfft, esou d’ALJP. Si gesinn an dësem Urteel ee geféierleche Präzedenzfall. De Roger Infalt gesäit dat änlech.
"Dat dote kann eng gréng Luucht si fir Leit, déi soen, mee jo wann et esou ass, da kann ech dat doten och maachen."
D’Urteel dat an zweeter Instanz schonn d’lescht Joer gefall war, baséiert sech ob ee Präzedenzfall aus Frankräich. No iwwert 20 Joer géif d’Recht op Privatsphär iwwert dem Schutz vun der fräier Meenungsäusserung stoen.
De Roger Infalt fënnt, datt an dësem Fall net gëllt.
"An dësem Fall hei handelt et sech ëm ee Fall, deen eenzegaarteg ass an deene leschte 25 Joer, bei esou enger grousser Zomm, déi do vu Suen ënnerschloe ginn ass."
Et geet een op déi nächsthéchsten Instanz
De fréiere President vun der Bréifdréier-Gewerkschaft hat ëmgerechent bal 14 Milliounen Euro aus engem Fong, an dee Bréifdréier abezuelt haten, verontreit. Hie war zu sechs Joer Prisong, zwee dovun op Sursis verurteelt ginn.
Et wéilt een d'Decisioun elo um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg ufechten, esou den Affekot vun RTL, de Pol Urbany, de Moien um Stater Geriicht.
Den RTL-Affekot Pol Urbany ass muer um zéng virun aacht live bei eis am Moiesstudio fir d’Urteel ze kommentéieren an ze analyséieren.