arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Fola-Lotus F1: 11 Joer no Denonciatioun kënnt et zum Prozess géint 4 Persounen

Justiz

|
reading time

2 min

Affär Fola-Lotus F1: 11 Joer no Denonciatioun kënnt et zum Prozess géint 4 Persounen

An der Affär iwwer Finanztransferten tëscht der Escher Fola an der fréierer Formel 1-Ekipp Lotus steet elo fest, datt et zu engem Prozess kënnt. Véier Persoune si viséiert, dorënner d'Geschäftsleit Eric Lux a Gérard Lopez.

reading time

2 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Déi Véier musse sech wéinst dem Virworf vun engem "Faux intellectuel" viru Geriicht veräntwerten. Dat huet de Justizspriecher Henri Eippers eis op Nofro confirméiert.

Mëtt Dezember geet de Prozess lass

Déi dräi Seancë si fir Mëtt Dezember dëst Joer ugesat. Dëse Radio hat virun eelef Joer gemellt, datt Membere vun der Fussball-Federatioun FLF eng Denonciatioun bei der Justiz gemaach hate wéinst dem Verdacht op Geldwäsch an Abus de biens sociaux. Bei Iwwerpréiwunge vum Reviseur PricewaterhouseCoopers war e suspekten Don vun der deemoleger Formel 1-Equipe vun den Investisseuren Eric Lux a Gérard Lopez opgefall.

Eise Sourcen no hat Lotus F1 dem Lëtzebuerger Fussballclub am Joer 2014 ongeféier zwou Milliounen Euro iwwerwisen. D’Fola huet d'Suen duerno un de Gérard Lopez an un d’Gesellschaft Lynx Investments Limited vum Eric Lux zu Hong Kong transferéiert.

Maximal fënnef Joer Prisong

Déi véier Ugeklot musse sech virun enger Chambre correctionnelle wéinst dem Reproche vum “Faux intellectuel” veräntwerten a riskéiere maximal fënnef Joer Prisong. De Virworf vum Blanchiment gouf net zeréckbehalen.

D'Enquête huet laang gedauert, an d'Defense huet all hir Moyene genotzt fir d'Virwërf ze widderleeën. Nodeems e e Recours en Cassation den 21. Mee dëst Joer verworf gouf, kënnt et elo zum Prozess, esou de Justizspriecher.

Viru Geriicht stinn nieft den Investisseure Gérard Lopez an Eric Lux och e fréieren Tresorier vun der Fola an e fréiere Comitésmember vum Fussballclub. Bis zu engem Urteel gëllt d'Présomption d'innocence.