arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Haus-Klassement: Kulturministère verléiert an éischter Instanz um Verwaltungsgeriicht

Kulturierwen

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Haus-Klassement: Kulturministère verléiert an éischter Instanz um Verwaltungsgeriicht

Fir de Kulturministère gouf et um Verwaltungsgeriicht an éischter Instanz eng juristesch Nidderlag am Zesummenhank mam Klassement vun engem Haus als nationaalt Kulturierwen. D'Geriicht argumentéiert mat enger ze laanger Klassementsprozedur.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Verwaltungsgeriicht um Kierchbierg | © Eric Ewald
D'Verwaltungsgeriicht um Kierchbierg (Foto: Eric Ewald)

Alles hat domat ugefaangen, datt e Proprietär zu Wëlwerwolz e sougenannt Doléinerhaus vun ëm d’Joer 1870 wollt renovéieren. D’Gemeng an de Staat wollten d’Haus awer klasséieren. 

Well d’Gebai dem allgemenge Bebauungsplang PAG vun der Gemeng Kiischpelt no eng "construction à conserver" war, hat de Proprietär am Mäerz 2022 dem Institut national pour le patrimoine architectural INPA d’Renovatiounspläng pour Avis geschéckt. Am Juni 2023 hat d’Commission pour le patrimoine culturel COPAC festgehalen, datt d’Gebai als nationaalt Kulturierwe sollt klasséiert ginn.

DP-Minister setzt senger grénger Virgängerin hir Intentioun ëm

Déi deemoleg gréng Kulturministesch Sam Tanson hat am Juli an am November 2023 dem Mann hir Intentioun matgedeelt fir d’Gebai klasséieren ze loossen. De Gemengerot vu Kiischpelt hat am Dezember 2023 e positiven Avis zur Klassementspropos vun der Ministesch ginn. 

Deen neien DP-Kulturminister Eric Thill hat d’Gebai am Februar 2024 per Arrêté klasséiert. 

Mee de Proprietär huet dat ugefecht: Hien ass am Mee 2024 op d’Verwaltungsgeriicht gaangen, fir d’Decisioun vum Minister reforméiert oder annuléiert ze kréien. A krut, wéi gesot, elo an éischter Instanz Recht.

Huet d'Sam Tanson mat Zäit informéiert?

D’Riichtere vum Tribunal administratif sinn an hirem Urteel ënner anerem op d’Fro agaangen, ob d’Ministesch Tanson dem Proprietär séier genuch geäntwert hätt op deem seng Renovatiounsabsichten.

De Proprietär hat dem Institut national pour le patrimoine architectural jo am Juni 2022 en detailléierte Rapport iwwer säi Renovatiounsprojet geschéckt, deen den INPA de Mount drop kritt hat. Soudatt den Delai vun dräi Méint fir d’Klassementsprozedur bis den Oktober 2022 gelaf wär.

Well d’Sam Tanson de Proprietär awer eréischt am Juli 2023 iwwer hir Intentioun fir ze klasséieren informéiert huet, wier deen Delai vun 3 Méint bei Wäitem iwwerschratt ginn, esou déi éischt Riichtere vum Verwaltungsgeriicht.

Dofir wier déi d’Decisioun vun November 2023 vun der viregter Ministesch Tanson an den Arrêté vu Februar 2024 vum neie Minister Thill ze annuléieren.

play_arrow Lauschteren