arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 10 Joer feste Prisong fir 18 Järegen, dee säi Stéifpapp ëmbruecht hat

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

10 Joer feste Prisong fir 18 Järegen, dee säi Stéifpapp ëmbruecht hat

En haut 18 Joer ale Mann ass am Nomëtteg um Stater Geriicht wéinst Mord u sengem Stéifpapp zu 10 Joer festem Prisong verurteelt ginn. Domat hunn d’Riichteren dat Duebelt u Strof gesprach, wat de Vertrieder vum Parquet am Prozess gefuerdert hat.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Strofmooss läit bei 18 Joer, 8 dovu mat Sursis. Fir 5 vun deenen 8 Joer gëllt e Sursis mat Oploen, zu deenen ënner anerem psychiatresche Suivi gehéiert.

Dobäi komme bal 6.500 Euro Schuedenersatz fir dräi Partie-civillen, plus all kéiers de symboleschen Euro.

De jonke Mann, deen zum Zäitpunkt vun der Dot 16 Joer hat, hat de Stéifpapp op Neijooschdag 2025 zu Esch mat enger Abberzuel Messerstéch ëmbruecht.

De Mann wollt "seng Famill protegéieren"

D’Riichteren hunn also Mord géint de jonke Mann zeréckbehalen, dee seng Dot ugekënnegt hat. D’Me Lynn Frank, Affekotin vum Condamnéierten, huet an enger éischter Reaktioun vun engem haarden Urteel geschwat a war entspriechend enttäuscht.

"Natierlech wëlle mir net d’Faite minimiséieren, dat ass e ganz schlëmmen Akt, wat do geschitt ass, wéi dee Mann e gestuerwen ass, dat ass och ganz kloer, mee mir sinn hei face à un mineur, dee 16 Joer hat au moment des faits an deen doheem ënner violences psychiques constantes gelidden huet, an deen huet probéiert, seng Famill ze protegéieren."

Geet een an Appell?

Läit op Grond vum, wéi si sot, haarden Urteel géint hire Mandant en Appell net op der Hand? Dozou sot d’Me Lynn Frank.

"Natierlech, wann ee bedenkt, datt de Parquet ënner dem Stréch 5 Joer ferme gefrot huet, an datt mir elo hei déi duebel Prisongsstrof erhalen hunn, dann, jo, géif et op der Hand leien, datt een an Appell geet."

Fir eng Question préjudicielle un d’Verfassungsgeriicht iwwer Strofe géint Mannerjäreger huet d’Geriicht iwwregens kee Besoin gesinn, wat d’Affekotin bedauert huet.

play_arrow Lauschteren