arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bedruch am Immigratiounsberäich: Weider Inculpatiounen, dovun 2 Persounen an U-Haft

Justiz

|
reading time

2 min

Bedruch am Immigratiounsberäich: Weider Inculpatiounen, dovun 2 Persounen an U-Haft

D'Justizenquête iwwer e méigleche Bedruch am Immigratiounsberäich zitt weider Kreesser: Mëttlerweil sinn 28 Persounen inculpéiert, dorënner dräi Staatsbeamten. D'ASTI begréisst, datt en Audit iwwer d'Direction de l'Immigration gemaach gëtt.


reading time

2 min

© European Union
(Foto: European Union)

Dräi weider Persoune sinn an dëser Affaire an de leschte Stonne vum Untersuchungsriichter inculpéiert ginn. Zwou dovu sinn an Untersuchungshaft, an eng ënner Contrôle judiciaire, dat heescht si dierf sech just nach ënner Oploe fräi beweegen. Dat huet de Justizspriecher Henri Eippers eis op Nofro hi confirméiert. 

Domat klëmmt d'Zuel vun den Inculpéierten an dëser Affaire op 28, dorënner dräi Beamten oder Employéë vum Staat, esou de Justizspriecher. D'Enquête wéinst e.a. Mënschenhandel a Korruptioun leeft zënter e puer Joer, ass awer réischt des Woch vum Parquet ëffentlech gemaach ginn. 

Suspendéierungen an der Immigratiouns-Direktioun

De Minister Léon Gloden hätt zwee weider Mataarbechter fräigestallt. Dräi Mataarbechter vun der Immigratiouns-Direktioun ware schonn d‘lescht Joer am Abrëll fräigestallt ginn. Ee vun hinne koum an Untersuchungshaft, wéi de Léon Gloden am RTL-Interview seet. 

D‘Direction de l‘immigration hätt am Januar 2023 schonn Denonciatioune gemaach. Hie selwer wier réischt d‘lescht Joer am Abrëll vun der Affaire gewuer ginn, seet den Inneminister.

Keng Asyldemandeuren ënnert den Onéierlechen  

De Parquet hat gëschter matgedeelt, datt zënter dem Summer 2023 eng Enquête wéinst dem Verdacht op Korruptioun, Aflossnam, Blanchiment, Fälschungen, Subventiounsbedruch, Mënschenschleiserei a Verstéiss géint d’Immigratiouns-Gesetz laafen géif. 

De Parquet geet dovun aus, datt eng 200 Leit aus Drëttstaaten op Basis vu gefälschten Ënnerlagen illegal agereest sinn a Sozialleeschtunge bezunn hunn. Et géif sech net ëm Asyldemandeuren handelen, esou nach de Léon Gloden op RTL. 

ASTI: Elo dierf keng Amalgam gemaach ginn 

D‘ASTI - d'Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés - fuerdert an deem Kontext, datt déi ganz Affaire misst un d‘Liicht kommen. Den Audit deen den Inneminister wéilt bei der Direction de l‘immigration maache loossen, misst public gemaach ginn. 

D‘ASTI warnt och, datt elo keen Amalgam dierft gemaach ginn, an Immigratiounsprozeduren a Migranten elo net an een Dëppen dierfte gehäit ginn.