arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Justiz huet fir d'Joer 2026-27 am Ganze 37 nei Attachéë rekrutéiert

Justiz

|
reading time

1 min

Lëtzebuerger Justiz huet fir d'Joer 2026-27 am Ganze 37 nei Attachéë rekrutéiert

Op 50 fräi Plazen hätte sech 80 Kandidaten a Kandiatinne gemellt, heescht et an engem Communiqué. Vun deene 37, déi rekrutéiert goufen, hunn der eelef hiren Exame bestanen. 26 goufen op Basis vun hirem Dossier zeréckbehalen.

reading time

1 min

Geriicht | © Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Weider 17 hu misse refuséiert ginn, an der Haaptsaach wéinst engem Manktem u Sproochekenntnisser oder well déi berufflech Erfarung gefeelt hätt, heescht et am Schreiwes. 

Déi 37 nei Attachéë wäerten am September hiren theoretesche Stage ufänken.