Et stelle sech nämlech eng Rei froen, déi op europäeschen Niveau méi einfach beäntwert kënne ginn. Virop technesch Froen. Wéi kann een den Alter op de Plattforme kontrolléieren, an dat am Respekt vum Dateschutz zum Beispill. An och vis à vis vun de Social-Media-Plattforme selwer wier esou ee Verbuet méi einfach duerchzesetzen, wann een et als EU mécht an net als eenzel Länner, esou d’Elisabeth Margue.
Europäesch Léisung bannent 6 bis 12 Méint?
Fir déi Froen ze beäntweren hätt een och zu Lëtzebuerg schonn een Aarbechtsgrupp op d’Bee gestallt. Dee befaasst sech och domat, wéi een d’Notzer:inne schützt, wa si bis op Social Media sinn.
Déi Lëtzebuerger Positioun zu engem Mindestalter fir Social Media ass et awer, fir op eng europäesch Léisung ze waarden. Déi soll bannent sechs bis 12 Méint kommen.
Bei ville Jonke kéint dës Decisioun och net gutt ukommen. D’Justizministerin mécht op déi vill Risiken opmierksam, notamment fir d’mental Gesondheet.