arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wort-Chefredaktesch rechtfertegt kontrovers Wort-Artikelen dëst Joer

Ee Joer Chefredaktesch

|
headphones

3 min

headphones

15 min

play_arrow

Wort-Chefredaktesch rechtfertegt kontrovers Wort-Artikelen dëst Joer

D'Ines Kurschat ass zënter engem Joer Chefredaktesch beim Luxemburger Wort an ass der Meenung, datt een "d’Meenungsfräiheet méi extensiv misst interpretéieren". D'Meenungsfräiheet géif nämlech vu lénks a riets attackéiert ginn, esou d'Chefredaktesch am 100,7-Interview.

headphones

3 min

headphones

15 min

play_arrow
Ines Kurschat | © Michelle Barthel
Ines Kurschat (Foto: Michelle Barthel)

D’Zäitung huet 2025 fir e puer Kontroverse gesuergt duerch zum Beispill Meenungsbäiträg vum ADR-Deputéierte Fred Keup oder dem DP-Deputéierte Gérard Schockmel. Och en Artikel iwwer eng bekannte Persoun aus der Kulturzeen, déi wéinst Pedophilie verurteelt gouf, huet fir Diskussioune gesuergt.

Et hätt ee sech virgeholl fir d’Debatten ofzezeechnen, esou d’Ines Kurschat, mee et hätt ee sech “awer net konkreet ausgesicht, datt déi Härschafte bei eis fir Kontroverse suergen”.

Opklärungslogik amplaz Afferschutz

Bei den Deputéierte Fred Keup a Gérard Schockmel war kloer uginn, datt et Meenungsbäiträg wieren, den Artikel zu där wéinst Pädophilie verurteelter Persoun war allerdéngs eng Recherche. An deem konnt den Täter seng Vue duerstellen.

Dat géif ganz kloer ënner Meenungsfräiheet falen, esou d’Ines Kurschat.

“Also ech ka just dorunner erënneren, datt et esou Gespréicher mat Stroftäter an der Journalismusgeschicht schonn ëmmer ginn huet. An an dësem konkretee Fall huet sech - fannen ech - dat Gespréich och gerechtfäerdegt, well de Lieser an d'Lieserin och nach konkreet Informatioune krut, nämlech déi Informatioun, wéi hie selwer op seng Strofdot kuckt. Dat ass näischt Klenges, hie war vëlleg empathielos, dat hu mir och selwer nach kontextualiséiert.”

Zu deem Artikel gouf et Kritik vum Opferverband. Déi Kritik géif een zwar respektéieren, mee d’Ines Kurschat vertrëtt awer d’Positioun, datt méi misst mat den Täter geschwat ginn.

“Ech gesinn d’Aussoe vum Täter an enger Opklärungslogik an net an enger Logik, wou Afferschutz muss gemaach ginn.”

Wou leien d’Grenzen?

Grenze géifen da gezu ginn, wann et strofrechtlech relevant gëtt. Esou och zum Beispill beim Meenungsartikel vum ADR-Deputéierte Fred Keup: Hien hätt zwar populistesch argumentéiert, ma hien hätt keng strofrechtlech relevant Aussoe getraff, esou d’Ines Kurschat.

"Ech géif et net anescht maachen"

Bei de Lieser:innen vum Luxemburger Wort hätt den DP-Deputéierte Gérard Schockmel mat senger Meenung géint d’Recht op Ofdreiwung vill Ënnerstëtzung fonnt.

D’Chefredaktesch mengt net, datt et aus de Kontroverse vun deenen Artikele Léieren ze zéie géif.

“Nee, also ech géif et net aneschters maachen. Et kann een diskutéieren, an dat fannen ech eng ganz legitim Diskussioun: Wéi wäit geet déi Meenungsfräiheet? An d’Wort wëllt sech sécherlech dozou nach eng Kéier äusseren am nächste Joer, well ech ginn dovunner aus, datt Debatten ëmmer erëmkommen. An d’Meenungsfräiheet ass am Moment extreem ënner där Attack, souwuel vu ganz lénks wéi och vu ganz riets.”

D’Ines Kurschat huet iwwerdeems widderholl, datt een déi redaktionell Linn vun der Zeitung wéilt änneren. Dës Aussoen hat si scho virun engem Joer op där nämmlechter Plaz getraff. Mee esou prozedural Changementer géifen Zäit kaschten.

“Also ech hoffe selwer perséinlech, datt et elo an dem Joer wat kënnt, datt mir do ee grousse Schrëtt méi wäit kommen.”

D’Ines Kurschat ass iwwerdeems och Publikatiounsdirektesch vu Contacto, Virgule a LuxTimes.

play_arrow Lauschteren