arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL-Frae-Sektioun warnt: Stagnatioun vum Mindestloun virun allem Impakt op Fraen

Aarbecht

|
reading time

1 min

OGBL-Frae-Sektioun warnt: Stagnatioun vum Mindestloun virun allem Impakt op Fraen

D'Frae wieren nämlech iwwerrepresentéiert an deene Secteuren, wéi dem Botz-Secteur oder dem Commerce, wou niddreg Salairen ausbezuelt ginn. Déi Prekaritéit géifen d'Fraen an der Pensioun spieren, well se dacks just eng minimal Pensioun kréien.

reading time

1 min

OGBL | © radio 100,7
OGBL (Foto: radio 100,7)

D'Frae-Sektioun fuerdert, grad ewéi den OGBL selwer, eng direkt a strukturell Erhéijung vum Mindestloun. 

D'Regierung hat rezent decidéiert fir de Mindestloun - nieft Ajustementer an der Index-Tranche - net strukturell unzepassen. Dat, nodeems d'Gespréicher mat de Sozialpartner zu dem Thema ouni Resultat op en Enn gaange waren. 

D'Gewerkschaften hu Protester ugekënnegt.