Do ginn et zum Beispill Ënnerscheeder tëschent de Leit, déi op Lëtzebuerg wunnen a schaffe kommen, an de Frontalieren, seet de Fuerscher Joel Machado vum LISER.
Et hätt ee beispillsweis eng regional Konzentratioun, déi an de leschte Joren ëmmer méi zougeholl hätt.
"Wou een effektiv gesäit, datt déi nei Aarbechtskraaft, déi op Lëtzebuerg liewe kënnt, déi sech hei zu Lëtzebuerg nidderloossen, ëmmer méi an déi Secteure ginn, wou een eeben eng relativ héich Spezialisatioun brauch."
Anescht an de méi traditionelle Secteuren.
"Déi méi manuell Secteuren, wéi d'Konstruktioun oder d'Industrie, do gesi mir, datt den Undeel bei de Frontalieren nach ëmmer vill méi wichteg ass."
Aus der Etüd geet awer och ervir, datt generell manner Leit aus den Nopeschlänner heihinner schaffe kommen - sief et als Frontalieren oder datt si och hei wunnen. Dofir koumen an de leschte Jore verstäerkt Leit aus neien EU-Länner an aus net-EU Staaten heihinner.
Ënner Frontalieren ëmmer manner Däitscher, Fransousen oder Belsch
Bei de Frontaliere géifen et iwwerdeems ëmmer manner Leit ginn, déi d'Nationalitéit vun den Nopeschlänner hätten, esou de Joel Machado.
"Wou mir am Ufank vun den 2000er Joren nach iwwer dräivéierel vun de Leit haten, déi Frontalier waren an déi Däitsch, Franséisch oder Belsch waren, hu mir mëttlerweil och do eng grouss Diversitéit, ënner anerem och vun zum Beispill Osteuropäer, déi sech dann an den Nopeschgéigenden nidderloossen, fir a Lëtzebuerg schaffen ze kommen."
Ee besonnesch interessant Beispill wieren iwwerdeems d'Portugisen: Et géife manner Portugisen op Lëtzebuerg liewe kommen.
"An den Nopeschlänner geet déi Zuel erop. Dat heescht, d'Portugisen, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, hunn d'Tendenz net op Lëtzebuerg liewen ze kommen an dann hei unzefänke mat schaffen, mee plënneren eigentlech direkt vu Portugal an d'Nopeschgéigenden a fänken dann als Frontalier un um Aarbechtsmarché ze schaffen."
Logement a Liewenskäschten als wuel wichtegste Punkt
Ee Grond fir déi Entwécklung geet aus der Etüd net ervir. Et géifen awer Elementer ginn, déi drop hiweisen, datt de Logement an d'Liewenskäschten ee wichtege Punkt kënne sinn. Et géif och ee sektoriellen Ënnerscheed ginn.
"Déi Secteuren, wou d'Salairen tendenziell méi héich sinn, datt déi op Lëtzebuerg liewe kommen an dann ufänke mat schaffen, par Rapport zu Secteuren, wou d'Salairë vläicht méi niddereg sinn oder wou den Niveau d'Éducation moyen haut och tendenziell méi niddereg ass, datt déi eeben als Frontalieren ufänke mat schaffen."
Een zweete Punkt, deen och an déi Richtung géif goen, ass, datt den Undeel u Persounen, déi enger manueller Aarbecht noginn, bei den Auslänner iwwer déi lescht 10 Joer staark erofgaangen ass.
"2015 ware mir nach bei knapp ënner 50 Prozent. Mir si mëttlerweil bei ënner 30 Prozent bei den Auslänner. An obwuel deen Taux och bei de Frontalieren erofgeet, ass en awer vill manner erofgaangen. Dat heescht, datt d'Leit mat enger manueller Aarbecht sech eeben effektiv dann och éischter an der Grenzregiounen nidderloossen."
No 5 Joer verloossen déi meescht nees d'Land
Een aneren Aspekt, deen d’Etüd opdeckt, ass datt d’Hallschent vun alle Salariéen, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen d‘Land erëm bannent den nächste 5 Joer verloossen. Dat wier och an anere Länner de Fall - auslännesch Aarbechter hätte generell méi eng mobil Dynamik.
Dat géif net heeschen, datt Lëtzebuerg ee schlechte Schüler wier, esou de Joel Machado. Déi Tauxe géife jee no Land tëschent 30 a 70 Prozent variéieren. Och international wier dat eng Dimensioun, déi wéineg analyséiert wier, well et schwéier wier un Donnéeën ze kommen.
Et wier awer ee Punkt, deen ee sech bewosst misst sinn, esou de Joel Machado.
"Wann ee verschidde Politicken ëmsetzen, Aarbechtsmaartpoliticken, Logementspoliticken, déi eeben och auslännesch Aarbechtskräfte wëllen unzéien, datt eeben e wichtegen Undeel vun deene Persounen eventuell net laang wäerten am Land oder bezéiungsweis um Aarbechtsmarché verbleiwen."
Den zweeten Deel vun der "Luxtalent"-Etüd soll iwwerdeems am Summer erauskommen. Do soll un Hand vun eenzele Parcourse vun auslänneschen Aarbechter hei am Land méi genee erausgeschielt ginn, firwat si op Lëtzebuerg komm sinn.
Lauschtert hei d'Aschätzunge vum LISER