arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozialdialog intakt, “just leider net mat de Spëtzte vun de Gewerkschaften"

UEL-President Michel Reckinger

|
reading time

3 min

headphones

9 min

play_arrow

Sozialdialog intakt, “just leider net mat de Spëtzte vun de Gewerkschaften"

Der Regierung hir Decisioun iwwer de Mindestloun, déi stellt kee vun de Sozialpartner zefridden. D'Gewerkschafte sinn entsat, datt net méi geschitt, a mobiliséieren elo. Och d'Patronat fillt sech net gehéiert, reagéiert awer aneschters, wéi OGBL an LCGB.

reading time

3 min

headphones

9 min

play_arrow

Den UEL-President Michel Reckinger huet e Freideg bedauert, d'Regierung hätt offensichtlech net richteg nogelauschtert, wéi si erkläert hätten, wéi schwéier d'Situatioun am Moment fir d'Betriber ass. 

UEL pocht op en Organe consultatif

Der Regierung hätt ee gesot, datt an der EU-Direktiv d’Méiglechkeet bestéing, fir de ganze System anescht ze berechnen a fir den Niveau “adäquat mat verschiddene Krittären” ze berechnen, esou de Michel Reckinger am 100,7-Interview.

Wéi schonn d’lescht Woch am Interview nennt hien d’Beispill vun engem Organe consultatif, wéi d’Mindestlohnfindungskommission an Däitschland.

“Dat wier nach een neie Wee gewiescht, amplaz déi Automatismen, déi mir hei an den Text leeën, dann hätte mir et kënnen all Kéiers nei analyséieren.”

Leit hëllefen, ouni Drock op Betriber ze erhéijen

De President vum Patronatsverband huet am 100,7-Interview widderholl, datt de Mindestloun och net déi eenzeg Méiglechkeet ass, fir den Alldag vun de Leit, déi am mannste verdéngen, ze verbesseren.

“Mee do gëtt et aner Méiglechkeeten, fir de Leit ze hëllefen, fir d'Leit ze ënnerstëtzen, nach méi wéi mir et haut scho gemaach hunn. An d'Regierung huet do scho vill Saache gemaach. Mee do kann een nach méi maachen, fir dass de Leit gehollef gëtt, ouni dass eng Influenz op de Betrib huet."

De Michel Reckinger fäert, datt eng e héich Mindestlounerhéijung zu enger Inflatioun féiere kéint. D’Konsequenz: Betriber mussen zoumaachen.

Wéi soll d'Kompensatioun gerechent ginn?

Am Fong geschitt lo dat, op dat d'Betriber sech souwisou schonn hu missen astellen, well et scho geplangt war, datt eng Indextranche vun 2,5 Prozent komme wäert. Duerno dann - ufanks d'nächst Joer - eng Upassung un d'Lounentwécklung vun 3,8 Prozent. An déi wäert d'Regierung och an Héicht vun 1,3 Prozent nach kompenséieren.

Déi Kompensatioun ass nei a war net esou geplangt.

De Michel Reckinger begréisst dat, stéiert sech awer un der Aart a Weis, wéi dëst festgeluecht ginn ass.

“Ech widderhuelen nach eng Kéier: Am Code de travail, do steet haut schonn, dass mir d’Condition économique général musse mat a Bezuch huelen, wou mir d’Mindestlounerhéijung berechnen. An dat hätte mir, wéi gesot, an deem Organe consultatif gäre gemaach.”

Elo misst ee kucken, wéi déi Kompensatioune gerechent gi mat der Regierung, fir “datt dat och bei deene Betriber ukënnt, wou et gebraucht gëtt”, esou de Michel Reckinger.

Gespréicher iwwer déi Kompensatioun sinn et iwwerdeems nach keng ginn. Se sollen awer dës Woch ufänken, seet de Michel Reckinger.

"Mir hunn den Dësch ni verlooss"

D'Gewerkschaften, déi sinn entsat, a wëllen erëm op d'Strooss goen. D’Patronat fillt sech och net richteg gehéiert. Ass et un der Zäit fir eng grouss Tripartite?

“Ech weess, dass d'Regierung och de Syndikater nogelauschtert huet. An d'Regierung huet eng Decisioun geholl. Ech weess, dat ass kee Wonschconcert. De Sozialdialog ass a war nach ni ee Gremium, wou ee Konsens garantéiert war, a scho guer net eng Co-Decisioun geholl ginn ass. Vun do hier huet d'Regierung dat gemaach, wat si soll maachen. Si huet nogelauschtert a si huet eng Decisioun geholl.”

Deemno géing hien d’Opreegung vun de Gewerkschaften als “iwwerdriwwen” bezeechnen. De Michel Reckinger betount, datt de Sozialdialog funktionéiere géing, an zwar do, wou et am wichtegste wier: “An de Betriber”. Och an der Sécurité sociale wier de Sozialdialog intakt.

“Just halt leider net mat de Spëtzte vun de Gewerkschaften. Dat bedaueren ech, mee mir hunn den Dësch ni verlooss. A mir sinn ëmmer bereet, fir mat der Regierung a mat jidderengem, dee soss nach op den Dësch kënnt, fir do ze diskutéieren.”

Lauschtert de ganzen Interview hei

play_arrow Lauschteren