arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sproochentester an der Fonction Publique gi reforméiert

Chamber

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Sproochentester an der Fonction Publique gi reforméiert

D'Sproochentester an der Fonction publique wäerte moderniséiert a virun allem digitaliséiert ginn. De Gesetzesprojet dozou gouf gëschter Owend an der Chamber gestëmmt. Mat 55 Jo-Stëmmen hunn alleguer d'’Parteien ausser d'ADR de Projet de Loi matgedroen. 

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

D’Sproochenniveaue wäerten harmoniséiert ginn. Bis elo war et esou, datt deen néidegen Sproochenniveau vun der Karriär – also A, B oder C – ofhängeg war.

Mat deem neie Gesetz wäerte fir alleguer d’Kategorien eenheetlech Niveaue gëllen an déi hale sech un engem europäesche Referenzwäert fest. Konkreet heescht dat fir déi éischt Sprooch, déi ee selwer auswiele kann, brauch een an Zukunft de Sproochenniveau B2 a fir déi zwou aner Sproochen den Niveau B1. 

Ëmsetzung gouf mat der CGFP diskutéiert

Dat wier an der Rekrutementsprozedur ee Minimum. Wann déi zoustänneg Verwaltunge méi Kompetenze bräichten, kéinten déi eenzel Sproochen nach méi geziilt getest ginn, esou de Minister fir d’Fonction public Serge Wilmes. 

"Just fir ze soen, eise Referenzkader vun de Sproochen ass prezis fir d'Konformitéit zum europäesche Referenzkader. Mir sinn also do och eropgaangen an net nëmmen erofgaangen. An dat ass, wéi gesot, e Minimum. An dann nach eng Kéier, wichteg als Prezisioun, dat ass diskutéiert gi mat der CGFP. Dat heescht, dat hu mir alles mat hinnen zesumme gekuckt a mir hunn dat natierlech och esou ëmgesat, wéi mir dat mat hinnen diskutéiert hunn."

Weider wäerten d’Prüfungen an Zukunft digitaliséiert ginn. Dat heescht d’Leit kënnen entscheeden, ob si den Test online vun doheem aus wëlle maachen oder an engem Büro vum Centre de gestion du personnel et de l'organisation de l'État (CGPO). D’Resultater wäert een an Zukunft iwwer säi perséinleche Beräich op myguichet.lu fannen. Esou soll garantéiert ginn, datt d’Resultater méi séier zur Verfügung gestallt ginn.

 

play_arrow Lauschteren