arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Organisatioun vun den Aarbechtszäite soll just iwwer Kollektivverträg méiglech sinn

CPTE

|
reading time

1 min

D'Organisatioun vun den Aarbechtszäite soll just iwwer Kollektivverträg méiglech sinn

An der Reunioun tëschent de Sozialpartner an dem Aaarbechtsminister Marc Spautz gouf et de Moien eng Propos fir d’Aaarbechtszäiten nei ze organiséieren. Deemno wéilt een d’Méiglechkeet fir eng Ännerung vun den Aaarbechtszäite schafen, mee dat just iwwer Kollektivverträg.

reading time

1 min

(v.l.n.r.) Patrick Dury, Nora Back mam Sylvain Hoffmann, Luc Frieden, Marc Lauer  | © SIP / Anthony Dehez (Fotomontage: Radio 100,7)
(v.l.n.r.) Patrick Dury, Nora Back mam Sylvain Hoffmann, Luc Frieden, Marc Lauer (Foto: SIP / Anthony Dehez (Fotomontage: Radio 100,7))

Deemno kéinten et an Zukunft ënnert anrem Aarbechtswochen mat véier Deeg à 10 Stonne ginn - oder och 35 Stonne Weekend am Plaz 44 Stonne wéi elo. Dat awer eebe just ënner der Prämiss, datt déi Konditiounen a Kollektivverträg ausgehandelt ginn. D’Gewerkschafte fuerderen dëst schonn zënter längerem.

De Marc Spautz stellt kloer, datt dat net am generellen Aarbechtsgesetz geännert gëtt, mee datt een d'Ouverture mécht, fir datt d'Gewerkschaften dat am Kollektivvertrag verhandele kënnen. 

Datt si bei de Pause kënne mat bis zu zwou Pause verhandelen. An datt se d'Méiglechkeet hunn am temps partiel och bei 50 Prozent temps partiel kënnen ze schaffen. Dat sinn dat, wat ech hinne proposéiert hunn."

D’UEL-Direktesch Charlotte Junck, déi d’Patronat beim CPTE vertrueden huet, gesäit dat iwweregens net als Defaite: Et hätt een et vläicht léiwer anescht gehat, mee et wier wichteg beim Sozialdialog e Konsens ze fannen. D’Sozialpartner wëllen d’Offer elo mat hirer Basis diskutéieren.