arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Re- an Up-Skilling: An 20 Beruffer gëtt no passende Leit gesicht

Aarbechtswelt

|
reading time

3 min

headphones

11 min

play_arrow

Trotz Re- an Up-Skilling: An 20 Beruffer gëtt no passende Leit gesicht

Trotz Chômage ginn et der ADEM no eng 20 Beruffer, an deenen d'Patrone quasi kee Personal fannen. Kléngt paradox, ass awer e reelle Problem um Aarbechtsmarché.

reading time

3 min

headphones

11 min

play_arrow
De Laurent Peusch vun der ADEM | © Jo Diseviscourt
De Laurent Peusch vun der ADEM (Foto: Jo Diseviscourt)

D’ADEM huet rezent eng Lëscht publizéiert mat 20 “Métiers très en pénurie”. Et sinn dëst Beruffer, wou keng Leit mat passendem Profil fonnt ginn.

Am 100,7-Interview erkläert de Chef de Service vum Service employeur bei der ADEM, de Laurent Peusch, datt et un de Patronen ass, Plazen ze mellen, fir déi si keng Leit fannen. Wann d’ADEM och keng Leit mat passendem Profil vermëttele kann, oder keng passend Formatiounen ubidde kann, da kommen déi respektiv Beruffer op dës Lëscht.

Dat klassescht Beispill vum Infirmier

E gudden Deel vun de Beruffer, déi op där Lëscht stinn, si vun Ufank un déi selwecht gewiescht, erkläert de Laurent Peusch. De Beruff vum Infirmier beispillsweis steet zënter der éischter Editioun drop.

“Datt am Gesondheetssecteur Leit gesicht ginn, ass keen neie Phenomeen. An der sanitärer Kris hu mir gemierkt, datt e risege Besoin do ass. An d’Populatioun gëtt ëmmer méi al.”

Fir de Rescht hänkt d’Zesummesetzung vun där Lëscht dacks mat der Situatioun am jeeweilege Secteur zesummen. Aktuell ginn zum Beispill spezifesch Beruffer an der Finanzwelt gesicht. Wann awer e Secteur manner gutt dréit, da gëtt manner rekrutéiert, also och manner gemellt. Doduerch verschwanne Beruffer vun der Lëscht, beispillsweis de Comptabel.

Mat Formatiounen dem Trend entgéintsteieren

E wichtege Volet bei der ADEM ass dee vun der Formatioun. De Laurent Peusch erkläert, datt een zesumme mat de Patrone vill Leit fir spezifesch Beruffer forméiert. Re-skilling an up-skilling gëtt dat genannt. Do hätt een “immens gutt Resultater”, esou de Laurent Peusch.

“Mir gi proaktiv bei d’Patronen a Federatiounen, wou mir déi Saache virstellen.”

Vill Patrone géingen hir Plazen allerdéngs net mellen, well si dovun ausginn, datt d’ADEM souwisou keng passend Leit huet. Dat wier awer kontraproduktiv, warnt de Laurent Peusch.

Plaze mellen ass wichteg, fir en exakt Bild vum Marché ze kréien

Der ADEM hir Aufgab ass et och ze kucken, wéi verschidde Beruffer am Laf vun de Joren evoluéieren. Verschidde Beruffer heeschen nach wéi virun 20 Joer, d’Kompetenze kënne sech awer staark verännert hunn.

D’ADEM geet dovun aus, datt si ronn d’Hallschent vun de Plazen net gemellt kréien. Doduerch ass hiert Bild vum Aarbechtsmarché natierlech net komplett. Grad fir sech op d’Zukunft ze preparéiere wier et allerdéngs wichteg e komplett Bild ze hunn, seet de Laurent Peusch.

“Et gi ganz nei Kompetenzen, déi elo eréischt dobäikommen, duerch KI an d’Digitalisatioun.”

Op deene Punkte muss d’ADEM als éischt mol Formatiounen ausschaffen, éier si Leit forméiere kënnen, esou nach de Laurent Peusch.

play_arrow Lauschteren