D’Diskussioun misst generell op Basis vu kloren Donnéeë gefouert ginn. An dat wäert och iwwer d’Rendez-vouse vu gëschter eraus gemaach ginn, huet de Luc Frieden am 100,7-Interview betount. Dat um Bord vum engem Tëschebilansgespréich, dat de Magazin Paperjam mam CSV-Premier an der Philharmonie organiséiert hat
Politesch Decisioun nach net getraff
Hie géif elo waarden, wat am Ministerrot driwwer beschwat gëtt.
"Mee ech menge schonn, datt déi Previsiounen, déi d'Ministeren de Gewerkschafte presentéiert hunn, datt déi op Fakte baséieren an déi baséieren um Rapport vun der Generalinspektioun vun der Sécurité sociale, esou ass dat, gëtt dat ëmmer gemaach."
Déi politesch Decisioun wier awer nach net getraff, esou de Premier weider. Déi géif een eréischt huelen, wann ee mat de Sozialpartner geschwat hätt.
Net einfach, d'Perspektiven zesummenzebréngen
Hien huet am 100,7-Interview nach zouginn, datt déi lafend Gespréicher mat de Sozialpartner schwiereg wieren. Et wier net einfach, d’Perspektiven zesummenzebréngen: Engersäits vun de Leit, déi de Mindestloun kréien, an anerersäits vun den Entreprisen, virop de klengen a mëttleren, déi e bezuelen.
Haut am Nomëtteg wäerten den Aarbechtsminister Marc Spautz, de Wirtschaftsminister Lex Delles an d’Sozialministesch Martine Deprez d’Chamber iwwer d’Diskussiounen informéieren. Dat op Demande vun déi gréng.