D'Heescheverbuet an der Haaptstad kann elo awer a Kraaft trieden. Déi fréier Inneministerin Taina Bofferdering, LSAP, hat dat entspriechend Reglement zwar annuléiert. Mee déi Decisioun mécht hire Successeur Léon Gloden vun der CSV elo réckgängeg – dat bedeit, datt d‘Heeschen a verschidde Stroossen an zu bestëmmten Zäiten an der Haaptstad ka verbuede ginn. D‘Stater DP-Buergermeeschterin Lydie Polfer huet dee Revirement gëschter am Gemengerot annoncéiert:
"Déi deemoleg Inneministesch huet ons zwee Artikelen aus deem Reglement général de police net unerkannt. Mir krute lo de Mëtten de Bréif vun deem neien Inneminister, datt hien op déi Decisioun zeréckkomm ass an datt hien se unerkannt huet. Très bien. Mir wäerten, de Règlement de police vu muer u wäert deen aushänke kommen an dann ass en, sou wéi d'Gesetz dat virgesäit, dräi Deeg drop, dat heescht vun e Freideg un applicabele."
Zoustänneg fir d‘Kontroll wier also weiderhin d‘Police. Aus deem Grond géif et bannent deenen nächsten zwou Wochen eng Entrevue ginn tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Innen a Policeminister Léon Gloden.
Gëschter gouf am Stater Gemengerot och de Budget fir d‘nächst Joer mat de Stëmme vun der DP-CSV Majoritéit ugeholl. Dee geplangte Budget schléisst mat engem Defizit vun 219 Milliounen Euro of.