Den Decalage dee festgestallt gouf, wier awer net politesch motivéiert, seet de Romain Bausch.
"An de Grond ass haaptsächlech deen, datt d'Recetten, also d'Steiereinnamen ënnerschat ginn. Dat ass beim Budget 3,6 Prozent vum Total vum Budget. An do ass et eeben haaptsächlech bei der Akommessteier. A wann een dann nach eng Kéier d'Akommessteier kuckt, da gesäit een, datt de Gros kënnt vun der Kierperschaftssteier, also vun den Entreprisen, wou d'Evolutioun oder de Gewënn net richteg ageschat ginn ass."
Dësen Decalage bei den direkte Steieren erkläert fir 60 Prozent déi falsch Aschätzung vun de Previsiounen, esou de Romain Bausch.
Och datt Entreprisen zënter 2017 hir Steiererklärung elektronesch kënnen areechen, hätt een Effekt gehat, well doduerch méi séier, méi Steieren erakomm wieren. De Romain Bausch begréisst dofir och d'Annonce vun der neier Direktioun vun der Stierverwaltung fir déi Vorausschau méi prezis wëllen ze maachen.
Prinzip vun der Virsiicht ass eng weider Erklärung fir den Decalage
De President vum Conseil national des finances publiques erkläert sech dee groussen Decalage och doduerch, datt de Prinzip vun der Virsiicht applizéiert gouf. Et wier awer natierlech ëmmer besser, wann d'Previsioune méi prezis wieren, mee:
"Et ass ëmmer besser, wann ee sech geiert huet, andeems een eppes ënnerschat huet, amplaz, datt een eppes iwwerschat huet."
Generell wier et wichteg, datt d'Zuelen aus dem Budgetsprojet an déi aus dem exekutéierte Budget spéider no beienee leien, fir datt de Legislateur - also virun allem d'Chamber - iwwer e Projet ofstëmmt, dee méiglechst no un der Realitéit drun ass.
An Zukunft "méi schwiereg" Staatsfinanzen
Bei den Depensen ass den Decalage global gesi manner grouss wéi bei de Recetten. Am Detail gesäit een awer och do Ënnerscheeder, esou ginn d'Investissementer zum Beispill systematesch iwwerschat, de Staat investéiert also ënner dem Stréch manner wéi virgesinn, well Projeten dacks manner séier kënnen ëmgesat ginn, wéi am Virfeld ugeholl gëtt.
Duerch déi substantiell méi héich Verteidegungsausgaben an anere Flichte géifen déi ëffentlech Finanzen an Zukunft "vill méi schwiereg" ginn, wéi dat bis elo de Fall war, esou de Romain Bausch.
"Mir kréien et gestemmt, wann een de Courage huet fir Ännerungen ze maachen a fir verschidden aner Saachen ze reegelen."
D'Regierung huet jo ugekënnegt, datt d'Ausgabe fir d'Verdeedegung schonn Enn vun dëst Joer zwee Prozent vum nationale Brutto-Akommes sollen erreechen.
D'NATO-Staaten hunn ofgemaach, datt an Zukunft fënnef Prozent an d'Beräicher Verdeedegung a Sécherheet solle fléissen: 3,5 Prozent fir reng Militär-Ausgaben an 1,5 Prozent fir Investitiounen an d’Infrastrukturen.