Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Spuenien huet der Ukrain militäresch Hëllef an Héicht vun 1 Milliard Euro versprach

Visitt vum Selenskyj a Spuenien

Spuenien huet der Ukrain militäresch Hëllef an Héicht vun 1 Milliard Euro versprach

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass haut fir eng offiziell Visite a Spuenie fir ënnert anerem e bilateraalt Sécherheetsofkommes ze ënnerschreiwen. Spuenien huet der Ukrain an deem Kontext Militärhëllefen am Wäert vun 1 Milliard Euro versprach.

auto_stories

1 min

No engem Treffe mam spuenesche Premier Pedro Sánchez steet am Nomëtten nach een Treffe mam Kinnek Felipe um Programm. Eigentlech war d‘Visitt a Spuenien a Portugal scho fir Mëtt Mee geplangt. Wéinst der russescher Offensiv an der Regioun Charkiw hat de Selenskyj dës an aner Auslandsreesen awer ofgesot.