De Georges Mischo hätt dem Regierungsrot um Freidegmoie matgedeelt, datt hien de Projet elo zeréckzéie wéilt, an d‘Regierung hätt dat akzeptéiert.
Minister betount: Et sollt näischt verheemlecht ginn
D‘Diskussioune ronderëm de Projet hate sech zougespëtzt, nodeems d’LSAP d’Fro opgeworf hat, firwat datt et keng ëffentlech Ausschreiwung fir dee Projet gouf.
Hien hätt net bewosst wëlle Reegelen ëmgoen, sot de Georges Mischo dozou am 100,7 Interview.
"Also ech hu bewosst näischt elo gemaach fir iergend eppes ze contournéierenoder fir eppes ze verheemlechen. Dat sécher net."
Net déi éischte Kéier mam Projet a Kontakt
Den CSV-Minister preziséiert och, datt hie scho mam éischte Projet ze dinn hat, deen deemols zu Lankelz hätt sollen entsoten.
"Dat heescht, do war ech nach Escher Buergermeeschter an de Dan Kersch war Sportminister, an och do war keen Appel à candidature gemaach ginn, fir dee Site, wéi och elo hei op dëser Plaz."
Et wier och bis elo nach keen Euro gefloss, betount de Sportminister.
Mee, wéi Reporter.lu dës Woch gemellt hat, hätt de Georges Mischo och de Regierungsrot net direkt iwwert e "Protocole d’accord" mam Promoteur informéiert gehat.
"Also de Regierungsrot huet de Projet, fir op der Router Lëns eppes kënnen ze kafen, akzeptéiert gehat, mee d'Prozedur, déi war elo ënner de Beamte gemaach ginn. A bei de Finanzen ass dat soulevéiert ginn an do ass gesot ginn, da géife mir dat elo mol en de jour vum Comité d'acquisition erofhuelen."
Georges Mischo spiert kee politeschen Drock
Ënnert zousätzlechen Drock wier hien duerch dës Affär net geroden.
"Nee, ech hu keen Drock. Ech huele meng Decisiounen als Minister an da loossen ech mir déi natierlech beim Regierungsrot ofseenen."
Hie wéilt och weider e Projet fir e Sportsmusée ëmsetzen, esou de Georges Mischo. E Méindeg wäert hien dann och an déi parlamentaresche Budgetskontrollkommissioun kommen, déi op Demande vun der LSAP aberuff gouf, fir iwwer de Projet Sportsmusée ze schwätzen.