arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liichtathletik-Stadion zu Hamm: Lydie Polfer léisst Bierger-Kritik net gëllen

net richteg informéiert

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Liichtathletik-Stadion zu Hamm: Lydie Polfer léisst Bierger-Kritik net gëllen

D’Kritik vun de Bierger vun Hamm, datt si net richteg iwwert de Bau vum néie Liichtathletik Stadion informéiert gi wieren, léisst déi Stater Buergermeeschter Lydie Polfer net gëllen. Dat sot si de Moien am 100,7 Interview.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg
Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg

Am Stater Quartier soll e Liichtathletikstadion fir d’Spiller vun de klenge Länner am Joer 2029 gebaut ginn. Niewent zwou Liichtathleetikspiste sollen och zwee Futtballsterrainen an eng Basketshal zu Hamm entstoen. D’Bierger hate virun allem kritiséiert, datt d‘Envergure vum neie Stadion net kommunizéiert gi wier. D’DP-Politikerin Lydie Polfer wëll dat net ziele loossen.

"Mir hunn x-mol de Syndikat empfaangen. Also ech mengen, datt den definitive Projet net virun Jore schonn esou gewosst war. Mee ech mengen, wann een e Stade d'athlethisme baut, da weess ee wat d'Dimensioune sinn. Ech mengen, do brauch een einfach déi Dimensiounen, déi eeben virgeschriwwe sinn."

Et wier effektiv awer eng hallef Lafpist dobäi komm, déi och iwwerdeckt gouf, esou nach d'DP-Buergermeeschtesch. 

Oppositioun: Apéri'tour ass keng Biergerbedeelegung

Bei engem vun de sougenannten Apéri’touren an de Quartieren zejoert, hätt een de finale Projet virgestallt, esou d’DP-Buergermeeschtesch. D’Oppositioun hat ëmmer nees kritiséiert, datt dëst Zort vu Veranstaltungen e Spadséiergang mat engem Patt, mee keng Bierger-Bedeelegung wieren. De finale Projet vum Liichtathletik-Stadion steet de Mëtteg am Stater-Gemengerot zum Vott. 

D’Bauaarbechte sollen am Fréijoer d’nächst Joer ugoen.

play_arrow Lauschteren