Seng Campagne fir d’Sozialwalen 2024 hat den LCGB schonn Enn November d’lescht Joer lancéiert, bei der Presentatioun vun de Kandidate fir d’CSL. Den OGBL huet seng Campagne een Dënschdeg an der Maison du Peuple zu Esch lancéiert.
Gutt 50 Minutte laang huet d’OGBL-Presidentin an aktuell CSL-Presidentin geschwat, fir d’Campagne an d’Kandidate vun hirer Gewerkschaft virzestellen.
OGBL: Campagne iwwer klassesch Weeër a sozial Reseauen
D’Campagne fir d’Sozialwale géif vill Aarbecht bedeiten, huet d’Nora Back no dëser Presentatioun erkläert.
"Mir preparéieren eis an deem mir present sinn um Terrain, bei de Betriber, bei den Delegéierten, et ass jo do wou et leeft. Mir hunn eng ganz Campagne ronderëm déi Virwalzäit hei agencéiert, mat enger Kommunikatiounsboîte zesummen, wou mir dee klassesche Wee ginn, vu Brochuren, iwwer Gadgeten, iwwer Tëleespotten, Kinospotten, Radiospotten. Social media ass natierlech net ze vergiessen, spillt eng mega wichteg Roll an dësen Zäiten."
Bei de leschte Sozialwalen 2019 war den OGBL mat iwwer 5.000 Kandidate fir d’Wale vun de Personaldelegéierten an den Entreprisen ugetrueden: gewielt goufe knapp 2.000 OGBL-Delegéierter a ronn 1.800 Ersatzdelegéierter.
600 Kandidate méi wéi lescht Walen
Mat wéi ville Kandidaten hir Gewerkschaft dëst Joer wäert untrieden, konnt d’Nora Back nach net soen.
"Et kann een elo net reng mathematesch soen, et si genau déi selwecht Unzuel vu Kandidaten: et si verschidde Betriber, déi sinn net méi do, et sinn aner Betriber dobäi komm. Mee mir sinn awer haut, bei 600 Kandidate méi scho wéi mir d’lescht Kéier ëm dës Zäit waren, sou datt mer ganz optimistesch sinn."
LCGB strieft 4.000 Kandidaten un
Déi aner grouss Gewerkschaft am Privatsecteur, den LCGB, war bei de leschte Sozialwale viru fënnef Joer mat ronn 3.500 Kandidate fir d’Wale vun de Personaldelegatiounen ugetrueden, esou de bäigeuerdente Generalsekretär Christophe Knebeler. Bei de Sozialwalen 2024 wéilt ee mat 4.000 Kandidaten untrieden, huet de Chrëschtleche Gewerkschaftsbond ugekënnegt.
"Mir hunn op Basis vun de Kandidature vun deene leschte Sozialwalen 2019 respektiv och vun de Walresultater, déi mir kruten, respektiv dann déi Ännerungen, déi zënterhier dann och sech ofgezeechent hunn, Betriber, déi wech gefall sinn, Betriber, déi fusionéiert hunn, alles dat ass jo ausschlaggebend fir kënnen u sech auszerechnen, wéi haut u sech fir 2024 d’Unzuel vun de Kandidate muss ausgesinn."
"Zilsetzung kann een iwwerschreiden"
Bis virun enger Woch hat den LCGB 3.500 Kandidaten zesummen. Déi 500 zousätzlech Kandidate wéilt ee bis de 26. Februar fannen, huet d’Gewerkschaft ugekënnegt.
"Zilsetzunge kann ee jo och iwwerschreiden. De But vun der Zilsetzung war jo virun allem fir ee Chiffer ze hunn, mat deem mir kënne méi Mandater kréien, d’Gewerkschaft iwwert dee Wee stäerken an nach méi eng cibléiert Gewerkschaftsaarbecht dann an de Betriber maachen."
Plenum vun der Salariatskammer
Nieft de Personaldelegatioune gi bei de Sozialwalen och d’Membere vum Plenum vun der Salariatskammer bestëmmt.
Den OGBL soll seng absolut Majoritéit an der CSL behalen a weider ausbauen, esou de Wonsch vun der Presidentin Nora Back, d.h. 35 Sëtz plus.
"Mir gi ganz zouversiichtlech an déi Walen do eran. Den OGBL ass déi gréisste Kraaft do, den OGBL huet déi lescht fënnef Joer ee ganz gudden Job gemaach, a mir hunn eis fir d’Interesse vun de schaffende Leit a vun de Rentner agesat."
Déi zweetstäerkste Kraaft an der CSL, den LCGB, war 2019 op 18 Mandater komm. De Chrëschtleche Gewerkschaftsbond huet sech d’Zil gesat, dës Kéier op d’mannst 21 vun de 60 Sëtz an der Beruffskammer z’erreechen, hat et d’lescht Woch geheescht.