search

/ Deputéiert iwwer Social Media fir Jonker: Verbuet, Kontroll oder Vertrauen?

National

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Deputéiert iwwer Social Media fir Jonker: Verbuet, Kontroll oder Vertrauen?

D’Chamber huet sech um Mëttwoch an enger Aktualitéitsstonn mam Zougang vu Jonken zu de soziale Medie befaasst. D’DP-Deputéiert Mandy Minella huet gefuerdert, datt den Accès fir Jugendlecher ënner 16 Joer sollt verbuede ginn, esou wéi et zënter Dezember an Australien de Fall ass.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Social Media | © picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa
Social Media (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa)

De Ben Polidori vun der LSAP huet an der Diskussioun betount, datt et eng grouss Majoritéit hei am Land géif gi fir eng Reegelung op deem Gebitt ze fannen. Hien huet och eng Gesetzespropos an deem Sënn deposéiert a presentéiert. 

Gesetzespropos vum Ben Polidori

Ënner 13 Joer soll den Zougang zu de soziale Medie ganz verbuede ginn. Tëschent 13 a 15 Joer soll den Zougang erlaabt sinn, mee nëmme mat enger gülteger Erlabnis vun den Elteren. Duerch dës Approche géif een unerkennen, datt Jugendlecher an deem Alter méi autonom ginn, mee sech an ënnerschiddlecher Vitess entwéckelen, erkläert den LSAP-Politiker Ben Polidori.

"A mir huelen och d'Eltere mat an d'Responsabilitéit, déi zesummen awer och sollen iwwer dëse Sujet mat hire Kanner schwätzen a sech och mat dësem Sujet sollen auseneesetzen."

Dono, vu 16 Joer un, kéinten déi Jonk dann natierlech erëm selwer entscheeden, ob si sech an de soziale Medie beweege wëllen oder net. Fir dat ëmzesetzen, soll eng Plattforme fir d'Iwwerpréiwung vum Alter respektiv vun enger gülteger Elteren-Erlabnis agefouert ginn. 

Raisonnabel Bildschirmzäit schwéier anzeschätzen

Australie wier dofir ze felicitéieren, op de Wee gaangen ze sinn, d’sozial Medien ënner 16 Joer ze verbidden, sot d’Mandy Minella vun der DP. D’Fro, ob Kanner missten Accès dorop hunn, wier keng Niewesaach, a si wéilt duerch dës Aktualitéitsstonn en Denkustouss ginn.

"Kanner a Jugendlecher sinn nach an hirer Entwécklung. Si mussen hir Perséinlechkeet, hiert Selbstwäertgefill, hiren Ëmgank mat Kritik a Frustratioun nach stäerken.“

Et bräicht eng europäesch Léisung

Eng raisonnabel Bildschirmzäit kéinten déi Jonk selwer nach net gutt aschätzen, esou nach d‘Mandy Minella. Genee wéi d’DP-Vertriederin war och de Ricardo Marques vun der CSV fir eng europäesch Reegelung.

Och fir d’Djuna Bernard vun déi gréng misst esou eng fonnt ginn. D’Problemer vun exzessivem Social-Media-Konsum wiere reell.

Cybermobbing, Hate Speech, Verherrlechung vu Gewalt, süchtegt Scrollen, Schlofproblemer, Angschtzoustänn, Depressiounen a massive sozialen Drock: alles dat si Konsequenzen.”

De Rescht vun der Oppositioun war méi kritesch: De Fred Keup vun der ADR huet sech géint e Verbuet ausgeschwat. An den Ae vum Sven Clement vun de Pirate wier e komplett Verbuet net de richtege Wee, an dem David Wagner vun déi Lénk no géif eng Verbuetspolitik wéineg Sënn maachen.

D'Fro vum Dateschutz

Wat en europäescht Handelen an där Fro ugeet, huet d’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue gemengt, d’EU wie capabel, eppes ze ënnerhuelen.

Schonn den 10. Oktober, wärend der dänescher Presidence, hunn ech eng Deklaratioun ënnerschriwwen, wou mir grad effikass an dateschutzkonform Altersverificatioune fërderen.“

Et géif nämlech net nëmmen dorëms goen, den Alter ze beschränken, mee och ze kucken, wéi den Alter soll kontrolléiert ginn

Sollt et op europäeschem Niveau awer net virugoen, da misst een heiheem handelen: An deem Kontext wier virum Summer en interministeriellen Aarbechtsgrupp en place gesat ginn, sot d’Justizministesch nach.

play_arrow Lauschteren