search

/ Sorry - "COSPLAY"

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

Sorry - "COSPLAY"

De Londoner Quintett Sorry huet sech an de leschte Joren als eng vun den intressantste Formatioune vun der brittescher Indie-Zeen etabléiert. Elo hu si hiren drëtten Album erausbruecht.

headphones

3 min

© Felix Bayley Higgins
(Foto: Felix Bayley Higgins)

Gegrënnt ronderëm d’Duo Asha Lorenz a Louis O’Bryen, huet Sorry sech mat engem ganz eegene Mix aus Indie-Rock, Post-Punk, Elektronik an engem liichten No-Wave-Afloss séier e Ruff als experimentéierfreedeg Live-Sensatioun opgebaut.

Hir éischt Plack "925" (2020) war nach chaotesch, Collage-änlech a voller Iddien, wärend "Anywhere But Here" (2022) eng däischter, méi introspektiv Phas ageleet huet. Mat hirem drëtte Longplayer “COSPLAY” beweegt Sorry sech elo an eng nei, méi performativ Welt.

Fokus op Rhythmus an effikassen Hooks

Den Album spillt mam Konzept vun Identitéiten, Rollespiller a Selbst-Projektioun – genee wéi de Begrëff "Cosplay" et scho suggeréiert: Sech als Comic-oder Mangafigur verkleeden, dacks am Kader vun engem Concours. D’Songs klénge wéi kleng Zeenen, an deenen d’Figuren hir Masken opsetzen, ofsetzen oder komplett duerchernee geheien.

Musikalesch ass "COSPLAY" méi propper produzéiert, mat engem méi klore Fokus op Rhythmus, homeopathesch agesaten, mee effikassen Hooks, an engem däischteren, elektronesch opgeluedenen Ënnergrond.

Today Might Be The Hit

D’Lead-Single “Today Might Be the Hit” ass ee gutt Beispill fir der Band hir ironesch Selbstreflexioun: De Wonsch, endlech en “Hit” ze landen, gëtt mat enger gewësser Middegkeet an engem batter-séisse Groove kombinéiert. 

An et ass emol net de Song, dee soll en Hit ginn, mee just den Dag. Hei si Sorry ganz kloer op eiser Säit als Nolauschterer, déi eis jo och dacks net méi wéi dat wënschen. Op jiddefall musse mir eis hei net ze vill déi Problemer unhéieren, déi just berüümte Leit betreffen, wéi bei Taylor Swift a Company, ee méi alldeeglech Problemer.

D’Band huet den Album selwer produzéiert. D’Gittaren hu Lo-Fi-Charakter, de Beat ass minimalisteschen, an d’Stëmm vum Asha kléngt gläichzäiteg gelangweilt an emotional verletzlech. Et ass eng Aart vun Hymn fir all déi, déi probéieren ze funktionéieren, och wann d’Energie knapp gëtt.

En anere staarken Highlight ass “Life In This Body”, deen de permanente Kampf mat eiser digitaler Existenz, mee och mat eisem eegene Kierper thematiséiert. De Song baut lues op, an huet eemol deen anere Grënnungsmember op der Stëmm. Eng schéin Ofwiesslung.

Eng Musek, déi ee beréiert

Am Ganze gesinn ass “Cosplay” eng vun de konsequentste Placken, déi Sorry bis elo erausbruecht hunn. D’Band huet hire Klang geschäerft, hir Theeme verdéift an et fäerdegbruecht, eng Welt ze bauen, déi gläichzäiteg düster, charmant an immens faszinéierend ass.

Mat enger Kombinatioun vu subtiller Ironie, emotionaler Intimitéit an enger onverkennbarer Handschrëft beweise Sorry, datt si zu de spannendste Stëmmen an der moderner Indie-Kultur gehéieren.

“Cosplay” ass wéi eng Mask, déi een opsetzt – an eréischt beim Ofsetzen erkennt een, wéi vill Schichte wierklech drënner leien. Sorry hunn net just en Album gemaach: Si hunn eng Stëmmung agefaangen. Ee vun hiren absolut stäerkste Bäiträg bis elo.