D’Sophia Kennedy ass gebierteg Amerikanerin, wunnt awer schonn zënter hirer Kandheet an Däitschland an huet d’Musekszeen zu Hamburg a Berlin déi lescht 10 Joer och uerdentlech opgemëscht mat hirem psychedeleschen an experimentelle Pop.
Och op hirem drëtten Album “Squeeze me” liwwert d’Sophia Kennedy e Sound-Potpourri mat eckege Beats an enger Grëtz 60s-Pop.
Instrumental a kanteg Stécker
2017 koum hiren Debutalbum eraus, an zwar um Label vum Hamburger DJ a Klangalchemist DJ Koze, mat deem d’Sophia Kennedy och weiderhin zesummeschafft. Iwwerhaapt ass et den Hamburger Sound vum DJ Koze, dem Elektrokënschtler Erobique oder och der Kultformatioun Die Goldenen Zitronen, deen d’Sophia Kennedy staark beaflosst an dat och um mëttlerweil drëtten Disk.
Genee wéi seng béid Virgänger ass “Squeeze Me” voll vu kaleidoskopesche Synthesizer, dann nees rouegem Piano, brachiale Beats a virun allem der onverkennbarer Stëmm vun der Musekerin. Si bleift gewinnt experimentell, an awer ass Dësen néien Album e wéineg méi minimalistesch gerode wéi d'Virgänger. Et gëtt zum Beispill den instrumentalen, immens cineasteschen Track “Upstairs Cabaret”. Dann awer och nees richteg kanteg Stécker wéi zum Beispill de Song “Hot Match”.
Iwwerhaapt léisst d’Sophia Kennedy hei um Album allerlee Aflëss matenee verschmëlzen, et gëtt Afrobeat-Perkussioun, Dub a Reggae Beats an ëmmer nees Sträichinstrumenter an e gudde Schoss melancholesche 60s Pop à la Scott Walker. Och textlech ass et wierklech e ganz breetgefächerten Disk. Et geet ëm tëschemënschlech Bezéiungen, Selbstermächtegung, awer och ëm eis Géigewaart an d’verdréinte Welt an där mir liewen.
Een Album, deen encouragéiert
“Everything’s upside down. The end has no beginning, the bottom is the ceiling”, sengt d’Sophia Kennedy am Song “Closing Time”. Och um Albumcover steet d’Kënschtlerin op der Kopp.
Op “Squeeze me” ass alles e wéineg absurd, surrealistesch. An den Texter ginn et ëmmer nees Passagen, an deenen d’Sophia Kennedy aus Dreem erzielt, wou alles eben e bëssen anescht a verdréint ass, wou aus enger Nues e Bierg, aus dem Mond e Séi gëtt, wéi am Song “Nose for a Mountain”.
Et ass Melancholie a Weltschmäerz aus den Texter erauszehéieren, mee d’Sophia Kennedy wëll éischter op dat Absurd hiweisen ewéi doriwwer ze soueren, well am Kär bleift den Album dann dach zimmlech optimistesch an encouragéiert. Esou séngt d’Sophia Kennedy dann och an der Single “Imaginary Friend”: “Let go of it all/And move on”.