arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taylor Swift - "The Life of a Showgirl"

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

Taylor Swift - "The Life of a Showgirl"

E bëssen iwwer ee Joer no hirem leschten Album an net mol ee Joer nom Enn vun hirer Welttournée ass d’Taylor Swift zeréck mat hirem 12. Album. D’“Swifties” géife soen: Eng nei “Era” huet ugefaangen.

headphones

3 min

Mat "The Life of a Showgirl" dréint d’Taylor Swift der éischter düsterer an intimer Ambiance aus dem leschten Album "The tortured Poets Department" de Réck a presentéiert eng faarweg, theatralesch Welt voller Glitzer. Et ass eng Aart Reflexioun iwwer dat, wat hanner de Kulisse vum Showbusiness geschitt.

Eng Bün fir d’Bün

D’Taylor Swift hëlt eis mat an e Liewen hanner der Bün. D’Sängerin spillt mat de Facetten an den Identitéiten an ass sech dobäi hirer eegener Inzenéierung komplett bewosst. Et ass eng Aart Bün fir d’Büneliewe selwer. E couragéierte Schrëtt fort vun der literarescher Verletzlechkeet bis hin zu enger bal theatralescher Selbstduerstellung mat allem Glitzer an och allen däischtere Säiten, déi dozou gehéieren.

Déi typesch Easter-Eggs a Fan-Theorien dierfen net feelen

Am Titeltrack "The Life of a Showgirl" trëtt kee Manner wéi d'Sängerin Sabrina Carpenter op, déi och bei der Era-Tour dobäi war. Am Lidd geet et ëm d’Begeeschterung fir seng Idoler, an d’Erkenntnis, datt déi net ëmmer esou sinn, wéi ee se sech virstellt.

Am Lidd "The Fate of Ophelia" gräift d’Taylor Swift op Shakespeare zeréck, mee erzielt d’Geschicht vun der Ophelia nei: Net méi d’Fra, déi sech hirem tragesche Schicksal ergëtt, mee eng Fra, déi sech vum Erwaardungsdrock befreit.

Ee vun de perséinlechsten Titelen ass "Eldest Daughter", wou d’Sängerin iwwer Drock, Verletzlechkeet a Léift reflektéiert, mat Zeilen, déi d’Fans natierlech schonn interpretéieren: Geet et hei ëm hir aktuell Relatioun mam Football-Spiller Travis Kelce? Déi Fro léisst si natierlech op.

Schluss mat den Heartbreak-Songs?

Zënter hirer offizieller Verlobung mam Travis Kelce spekuléiere Fans, ob d’Taylor Swift elo dem Kapitel vun den "Heartbreak Songs" Äddi seet. Bis elo hu jo hir Relatiounen e bëssen ee roude Fuedem an den Texter vun hire Lidder duergestallt.

Dësen Album gouf awer nach virun der Verlobung produzéiert. An trotzdeem fillt et sech esou un, wéi wann d’Taylor Swift ukomm wier a méi mat Rou op alles Vergaangenes zeréckblécke kann.

D’Sujete Léift, Partnerschaft an Zukunft bleiwen awer wuel bestoen an hiren Texter. Musikalesch huet sech awer e bëssen eppes geännert: D’Lidder si méi poppeg an opulent wéi zum Beispill nach zu "Folklore"- an "Evermore"-Zäiten. Mee si sinn och méi kuerz an zimmlech duerchproduzéiert.

"The Life of a Showgirl" ass de ebis elo kierzten Album vun der Taylor Swift: Mat just 12 Lidder an enger Längt vun 41 Minutte schéngt alles duerchgeplangt ze sinn a genee seng Plaz ze hunn.