Seng nei an 13. Studioplack "Interior Live Oak" gouf an der Wéi vu senger Musekerkarriär, zu San Francisco, opgeholl, mat Hëllef vun ale Kolleegen aus der Bucht: Dem Jason Quever vu Papercuts an dem fréie Collaborateur Chris Cohen fir der zwee ze nennen, an e puer New Yorker, déi Zäit haten, eriwwerzefléien.
Sech nei erfannen
Et ass vill Musek, déi "Interior Live Oak" ze bidden huet: Ganzer 16 Stécker, vill dovun iwwer 7 Minutte laang, wat dëst a Vinylform zu engem Duebelalbum mécht.
De McCombs erfënnt sech net nei: Folk, Country, Jazz a Rock vermësche sech zu enger Erzielform, déi weder ze beandrocken, nach ze provozéiere sicht. Nuancéiert an duerchaus literaresch wäertvoll zéien d‘Texter duerch Geschichten an detailräich, poetesch Biller, déi een direkt um Opener "Priestess" eranzéien, mat enger klenger Referenz un d‘Ella Fitzgerald an een Engel vu Montgomery, hanner deem sech eng verstuerwe Frëndin verstoppt.
Balladen a kritesch Songs
Vun hei aus geet d‘Rees duerch ganz Landschafte vun Americana, jangly Indie-Rock a Soul-Elementer, a fleegt ee ganz haptesche Rapport mat der Emotioun an der Musek.
D'Längt vum Album kann engem opwenneg virkommen, mee et klë'mt een an d'Plack wéi an een Zuch, am volle Bewosstsinn, datt ee se kann op sech wierke loossen. D'Arrangementer fléissen organesch aneneen, ni huet een d‘Gefill duerch Albumopfëllmaterial oder iergendeppes manner wéi ee vollkommene Song ze reesen.
"Missionary Bell" ass eng onwarscheinlech expressiv Ballad, "I Never Dream About Trains", d‘Lead Single vun der Plack, kënnt als traureg Walzer, wärend "Peace" charmant an nervös am Plaz friddlech kléngt. Ironie, Kritik un der Konsumgesellschaft a Witz fanne mir op "Juvenile" mat sengem Devo-änlechen Uergel-Riff: E kloren Héichpunkt.
"Middle-aged in a good way"
Duerch dat alles zitt sech dem McCombs seng räif, perséinlech Stëmm als angeneeme Begleeder duerch klanglech Landschaften, déi u Gréisst gewonnen hunn. "Middle-aged in a good way" huet de Museksblog Pitchfork iwwer dës Plack geschriwwen, an dat mécht Sënn. Poséiert, ouni d‘Stëmm ze hiewen, a voller Léift fir d‘Liewen a seng kleng Detailer kréie mir hei e bësse Beobachtungsgab, e bësse Liewenswäisheet, e bësse Freed a vill immersiv Geschichte gebueden.
Raffinéiert schmëlzen d‘Texter an d‘Musek zesummen, an enger vun de bis elo flottste Songwriterplacke vum Joer.