Wéi grooveg dierf Trauer kléngen? De britteschen Indiekënschtler Blood Orange liwwert op sengem fënneften Album "Essex Honey" Äntwerten.
Aflëss vu klassescher Musek
"Essex Honey" ass den neien a mëttlerweil fënneften Album vum britteschen Indiekënschtler Blood Orange. 2011 koum säin éischten Album ënnert dësem Numm eraus, zanterhier ass den Dev Hynes, wéi de Kënschtler heescht, mam Projet zu engem richteg Indiestar a gefrote Produzent ginn. Éier hien als Blood Orange ugefaang huet Musek erauszebrénge war hie vun 2007 bis 2009 och als Lightspeed Champion aktiv an och zimmlech erfollegräich mat sengem nerdegen Pop dee grad zur Héichphase vum britteschen Indierevivial koum. Vun 2009 un huet hien dunn awer net nëmme säi Kënschtlernumm mee och säi Sound verännert.
Blood Orange steet fir ee méi eklektesche Pop, dee vill Soul, Electronica, RnB a Rock vermëscht. Et erënnert dacks ë wéineg un de Prince an awer bleift Blood Orange ganz eenzegaarteg. Sou och um néien Disk “Essex Honey”. Eeen Album dee klanglech perfekt u seng Virgänger uschléisst an awer e ganz eegenen Touch huet. Den Dev Hynes huet sech an de leschte Jore vill mat klassescher Kompositioun beschäftegt, huet Musek fir Filmer a Konschtinstallatioune geschriwwen an dat ass op "Essex Honey" och ganz däitlech ze spieren. E ganz staarken orchestralen Touch mat vill Piano a Cello, sou zum Beispill am Song "The Last of England".
"Traueren kann och Freed ausléisen"
Wéi schonn op de Virgänger gëtt et op "Essex Honey" e puer grouss Themen, ëm déi den Dev Hynes kreest: Heemecht, Trauer, Identitéit mee och d’Kraaft vun der Musek als eng Zort Rettungsanker. Dem Dev Hynes seng Mamm ass 2023 verstuerwen an op "Essex Honey" steet d’Trauer och am Mëttelpunkt. Et ass awer keen trauregen oder tristen Album, op mannst net déi ganzen Zäit, villméi sot den Dev Hynes kierzlech datt d’Traueren och Freed ausléise kann, wann een sech eben u glécklech Momenter erënnert. An genee sou facettëräich geet hien hei och zu Wierk.
Besonnesch am Song "Thinking Clean" an deem e melancholesche Piano a Cello mat engem immens groovegen Beat verfléissen. Och dem Dev Hynes seng brittesch Heemescht - den Albumtitel verréit et schonn - spillt hei eng grouss Roll a gëtt zur Bün fir dem Museker seng Erënnerungen u seng Jugend an och gewëss Songs, déi hien zanterhier begleeden an deenen hien um Album och eng Zort Hommage schaaft.
Bekannt Featuren
"Essex Honey" ass een Album op deem immens vill musikalesch Gäscht optrieden, wat och net verwonnert, well den Dev Hynes och scho bal mat all Popgréisst zesummegeschafft huet. An hei sinn zum Beispill d’Popsängerin Lorde, d’Schrëftstellerin Zadie Smith oder och nach d’Popkënschtlerin Caroline Polacheck ze héieren - zum Beispill op “The Field” lauschteren - e Stéck mat engem Sample vun der Manchester-Kultband The Durutti Column an enger gudder Portioun Emotiounen.