arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Foxwarren: "2"

Album vun der Woch

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Foxwarren: "2"

Siwe Joer laang hat sech déi kanadesch Formatioun Foxwarren Zäit gelooss fir hiren zweeten Album. Dësen hu si einfach “2” iwwerschriwwen, an en ass d’Resultat vun engem iwwerraschenden kreative Prozess.

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Ee Grond fir déi laang Bandpaus war ënner anerem d’Tatsaach, datt de Frontmann Andy Shauf och nach eng ganz erfollegräich Solo-Karriär ënnerhält. Mat sengen Albumen “The Party” (2016) oder “Norm” (2023) huet hie mëttlerweil eng fest Plaz am Indie-Circuit eruewert.

Musek mat Textur

An och op der neier Plack vu Foxwarren ass dem Multi-Instrumentalist seng Patt däitlech eraus ze héieren. Typesch sinn d’Gesangsmelodien, déi fir d’éischt wonnerschéi kléngen, awer ëmmer erëm aus der harmonescher Rei danzen, ier et kéint eng Grëtz kitscheg ginn (wéi zum Beispill beim Opener “Dance”).

D’Gebridder Avery (Batterie) an Darryl Kissick, de Colin Nealis an den Dallas Bryson (Gittar) suerge mat genee esou entspaanten, wéi och effikasse Grooves fir Kontrast a Spannung. Foxwarren kombinéieren opulente Chamber Pop mat ville Sträicher mat engem dréchene Sound a liicht verzerrte Gittaren, déi Textur erabréngen.

Mam Sampler Liddler verwandelen

Ëmmer erëm ginn och Samples agebaut, déi aus ale Filmer geléint schéngen, wéi wann hei Old Hollywood géif op Laurel Canyon treffen. De Clou dobäi ass, datt dës Band, déi esou openeen agespillt schéngt, den neien Album iwwerhaapt net zesummen agespillt huet.

Am Géigendeel: Déi véier Museker hunn dem Andy Shauf Fragmenter zougeschéckt, déi dësen da mat Hëllef vun engem Sampler a Lidder verwandelt huet. A wärend een sech nach iwwer déi vill musikalesch Iddien an “Trouvaillen” freet, kéint ee souguer bal iwwerhéieren, wat fir heemlech Hits Foxwarren hei mat Titele wéi “Listen2me”, “Round&round” oder “Say It” gelonge sinn.

play_arrow Lauschteren