search

/ Smartphone-Verbuet an de Lycéeën

No der Péngschtvakanz

|
headphones

1 min

Smartphone-Verbuet an de Lycéeën

No der Péngschtvakanz trieden nei Reegele fir d’Notzung vum Smartphone an all de Lycéeën a Kraaft. Dat huet den DP-Educatiounsminister Claude Meisch um Méindegmoie virun der Press annoncéiert.

headphones

1 min

Symbolfoto Smartphone | © picture alliance/dpa | Marijan Murat
Symbolfoto (Foto: picture alliance/dpa | Marijan Murat)

D’Lycéeë kënne sech dobäi fir ee vun  dräi verschiddenen Verbuetsniveauen entscheeden. Dee striktsten Niveau gesäit ee kompletten Handyverbuet am Schouletablissement vir.

Insgesamt 5 Lycéeën am Land wëllen dee Wee goen. Déi aner zwee Niveaue gesinn zum Beispill nëmmen e Verbuet wärend dem Cours vir oder e Verbuet wärend spezifeschen Zäiten.

Weider soll den Eduroam-Reseau, also de gratis Internet Reseau fir d’Schüler:innen, eréischt vum Alter vu 15 Joer un accessibel ginn. D’Contenuen op déi ee mam Eduroam Zougrëff huet, ginn och méi kontrolléiert a gefiltert.

De Minister Claude Meisch hat am September zejoert eng Reglementatioun fir d’Smartphone-Notzung ugekënnegt. Dëst well digital Notzung negativ Auswierkungen op d’mental Gesondheet vun de Kanner hätt.

Fir Kanner aus der Primärschoul an de Maison-relaisen gëllt schonn zënter Enn Abrëll ee Smartphone-Verbuet.