Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Situatioun a Groussbritannie weider ugespaant

No rietsextremistesche Krawallen

Situatioun a Groussbritannie weider ugespaant

No de rietsextremistesche Krawallen a Groussbritannien déi lescht Deeg ass d‘Situatioun nach ëmmer ugespaant, virun allem, well an England d‘Fussballssaison an de Startlächer steet.

auto_stories

1 min

Et ginn an deem Kontext nei Ausschreidunge gefaart. Ronn 15.000 Mënschen hunn der brittescher Noriichtenagence PA no de Samschdeg zu Belfast géint riets Gewalt demonstréiert.

An der nordirescher Haaptstad hat et déi Nuecht virdrun nees Ausschreidunge ginn. Ënnert anerem hate Randaléierer probéiert eng Moschee a Brand ze setzen, waren awer gescheitert.

Och an der nordostenglescher Stad Newcastle gouf et de Samschdeg eng Demonstratioun vu Rassismus-Géigner. D‘Organisatioun Stand Up to Racism huet am ganze Land zu Aktioune géint riets Gewalt opgeruff, dorënner zu London, Manchester, Oxford a Birmingham.