Affer goufen net gemellt. Den ukrainesch Stroumoperateur huet Stroumofschaltungen am Osten, Zentrum a Süde vum Land annoncéiert.
Déi russesch Attacke kommen een Dag no den ukraineschen Attacke gëschter um Dënschdeg op russesch Pëtrol- a Spritdepoten. Der Ukrain no waren dat bis elo déi gréisst ukrainesch Attacken op russesch Sitten zënter dem Ufank vum Krich.