Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Serge Allegrezza: Wirtschaft schrumpft zanter Enn vum leschte Joer

STATEC

Serge Allegrezza: Wirtschaft schrumpft zanter Enn vum leschte Joer

Bei de Koalitiounsverhandlungen ass et haut ëm d’Staatsfinanze gaangen, an ëm d’Perspektive vun der ekonomescher Croissance, der Inflatioun, dem Chômage an der Produktivitéit. Op Senneng invitéiert waren ënner anerem Vertrieder vun der Generalinspektioun vun de Finanzen a vum Statec.

auto_stories

2 min

D’Wirtschaft géif zanter Enn vum leschte Joer am Fong geholl schrumpfen, huet de Statec-Generaldirekter Serge Allegrezza no der Sitzung am 100,7-Interview erkläert.

“Wann een dat elo weider schreift, kéint et sinn, datt mer amplaz déi 1,5 % Croissance fir dëst Joer en volume, et éischter kéint sinn, datt mer stagnéieren, voir schlëmmer, a Rezessioun sinn. Dat kënne mer net ausschléissen. Dat hunn ech hinnen awer misste soen, well d’Situatioun awer, ginn duerch den allgemenge Kontext, ass eben esou, datt momentan d’Ëmfeld relativ schwiereg ass.”

Dat géif sech herno op den Emploi ofspigelen, deen ofbremst, an de Chômage, deen dann e bëssen erop geet. Dat hätt dann och Impakter op aner Domainen, wéi zum Beispill d’Staatsfinanzen, warnt de Serge Allegrezza.

Reprise fir Enn 2024, Ufank 2025    

Wa keng "gréisser Katastrophe" géife geschéien, da kéint et awer Enn 2024 oder Ufank 2025 eng Reprise ginn, seet de Serge Allegrezza.

“Den Ukrainkrich ass net fäerdeg, et gëtt ëmmer nach geopolitesch Konflikter, USA-China, Dir hutt jo elo gesinn, wat am mëttleren Orient lass ass, wann do den Iran mat era gezu gëtt, da kann zu enger gréisserer Katastroph féieren. Wann een déi elo mol wech léisst, gi mer dervun aus, datt eng Reprise kéint kommen. An zwar de Stéchdatum ass Enn 2024, Ufank 2025”

All d’Analyste géifen dervun ausgoen, datt déi Europäesch Zentralbank d’Zënse reduzéiert, well d’Inflatioun zréck geet.

Weider Rendez-vousen mam Formateur

Fir d’Aarbechtsgruppe bei de Koalitiounsverhandlunge wäert de Statec weider detailléiert Berechnunge liwweren.

Muer gëtt dann d’Directrice vun der ADEM empfaangen.

Duerno hunn d’Vertrieder vum Roude Kräiz a vun der Caritas hire Rendez-vous mam Formateur Luc Frieden a mat de Verhandlungsdelegatioune vun CSV an DP. Dobäi wäert et virun allem ëm de Kampf géint d’Aarmut goen.