Radioen

On air

Concert  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Quartett fir Hautbois a Sträicher a Fa Majeur, K. 370, I. Allegro - Ensemble Pyramide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson: “An der Klimapolitik si mir do, wou mir musse sinn”

Gréng Politik

Sam Tanson: “An der Klimapolitik si mir do, wou mir musse sinn”

auto_stories

1 min

headphones

18 min

Sam Tanson | © Chris Zeien play_arrow

Um rietsen a konservative Bord vun der Gesellschaft géif deels e Bild vun der grénger Partei gezeechent ginn, wat net der Realitéit entsprécht, esou d’Sam Tanson de Moien am 100,7-Interview. Si betount, déi gréng wären eng Partei, déi fir eng oppe Gesellschaft asteet, an dat wéilte verschidde Parteie gezilt diskreditéieren.

Déi gréng Spëtzekandidatin Sam Tanson seet, Lëtzebuerg wier an der Klimapolitik am Moment um richtege Wee. An de leschte Jore wier eng ganz ambitiéis Klimapolitik gemaach ginn, an et bräicht weiderhi gréng Politiker an der Regierung fir, datt dat esou bleift, esou d’Sam Tanson de Moien am 100,7-Interview. Déi Gréng gesinn an hirem Programm awer dovun of, nach méi ambitiéis Klimaziler ze fuerderen.

Et misst een d'Klima- an Ëmweltpolitik zesumme mat de Leit maachen, esou d'Sam Tanson.

„An datt mer ebe grad dat net wëlle maachen, wat verschiddener eis wëlle virwerfen, nämlech datt mer verschidde Saache wëlle vun uewen erof diktéieren. Et geet eis drëm, datt mer Bevëlkerung mathuelen op dem Wee vun der Transitioun a vun der Moderniséierung vun eisem Land.”

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Logement
Politik a Gesellschaft
Interview
Wirtschaft