Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - A Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selenskyj ënnerschreift neit Gesetz fir méi Zaldoten ze rekrutéieren

Ukrain

Selenskyj ënnerschreift neit Gesetz fir méi Zaldoten ze rekrutéieren

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet e Gesetz ënnerschriwwen, fir méi Reserviste fir de Krich ze rekrutéieren. Mat deem Gesetz gëtt den Alter, fir Reservisten ze mobiliséieren, erofgesat, vu 27 op 25 Joer.

auto_stories

1 min

Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine

Méi wéi zwee Joer nom Ufank vum russeschen Aggressiounskrich huet d‘Ukrain staark Verloschter gemaach. Am Dezember zejoert hat de Selenskyj gesot, d‘Ukrain géif 500.000 Zaldote méi brauchen.