Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Night Crawling

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Direktiounsposte vun der ALIA: Elisabeth Margue schwätzt vun Interpretatiounsdivergenzen

Kritik un der Rekrutementsprozedur

Direktiounsposte vun der ALIA: Elisabeth Margue schwätzt vun Interpretatiounsdivergenzen

Bei der Fro ëm den Direktiounsposte vun der ALIA reprochéiert d‘Oppositioun der delegéierter Medieministesch sech net un d'Gesetz gehalen ze hunn. An der zoustänneger Chamberkommissioun huet d‘Elisabeth Margue sech verdeedegt a vu gesetzlechen Interpretatiounsdivergenze geschwat.

auto_stories

2 min

Logo vun der ALIA | © Archiv

Hannergrond ass, datt d'ALIA net alleguerten d’Kandidate fir den Direktiounsposten, déi vun engem Comité de selectioun ausgesicht goufen, ze aviséire kruten. Dat géif net dem ALIA-Gesetz vun 2013 entspriechen, argumentéiert d'Oppositioun. Dat seet, datt de Verwaltungsrot vun der ALIA en Avis iwwer all d'Kandidature muss ofginn. Dozou den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartholomeo.

"Dir sot, de CA hätt déi Kandidaten net wëllen héieren. Ma och wann hie gesot huet, datt hie se net wëllt héieren, da wier meng Äntwert gewiescht: 'D’Gesetz gesäit vir, datt Dir se héiert, oder datt Dir en Avis gitt. Do ass keng Interpretatioun méiglech.' Wann ee mengt, datt dat net sou néideg ass, datt e CA all Kandidaten héiert, ma da soll een dat am Gesetz änneren, mee bis elo gëllt dëst Gesetz. An dat ass souguer fir en Net-Jurist sou eppes vu kloer, méi kloer geet et net."

Fir d'CSV Ministesch ass dat allerdéngs net esou kloer.

"Ech mengen, mir sinn eis do net eens. Et ass weder Dir, weder ech, déi wann déi Fro sech stellt, sech wäerten doriwwer befannen."

Cindy Bauwens gëtt nei ALIA-Direktesch

Eng weider Kritik war, datt d'Membere vum Verwaltungsrot alleguer vun der Regierung genannt ginn. Doropshin huet d'CSV-Ministesch gesot, datt een dat déi nächste Kéier "gären ännere" kann.

Den neie Posten am Verwaltungsrot, deen elo fräi gouf, nodeems de President Thierry Hoscheit wéinst Divergenzen iwwer d'Rekrutementsprozedur demissionéiert hat, soll ëffentlech ausgeschriwwe ginn, huet d’Elisabeth Margue betount.

"Deementspriechend wäerte mir ee Member jo mussen nennen, e President nennen, a mir schreiwen de Poste fir e Member vum Conseil d'administration aus."

Nei ALIA-Direktesch gëtt iwwerdeems d'Cindy Bauwens, Juristin am Wirtschaftsministère. Dat krute mir vun Deputéierten no der Sitzung gesot. Haut um Freideg wëllt d’Elisabeth Margue sech da mam fréiere President Thierry Hoscheit a mam aktuellen Direkter Paul Lorenz treffen.