Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Séiskorpioun: 1,5 Meter grouss a 406 Milioune Joer al

Zu Konstem

Séiskorpioun: 1,5 Meter grouss a 406 Milioune Joer al

Een iwwer 400 Millioune Joer alen, annerhallwe Meter grousse Séiskorpioun. Dat kann ee sech schwéier virstellen. Mee dës speziell Decouverte gouf ganz rezent bei eis am Éislek gemaach.

auto_stories

5 min

headphones

4 min

© Sophie Schroeder play_arrow
Am Steen ass de Kapp vum Séiskorpioun ze gesin (Foto: Sophie Schroeder)

Am Dinosaurierpark Teufelsschlucht an der däitscher Gemeng Ernzen an der Eifel, direkt hanner der lëtzebuergescher Grenz, net wäit vun Iechternach, gëtt de Fossil vum Séiskorpioun fir de Musée virbereet. Och Visiteure kënnen an de Labo erakommen an der Paleontologin Lea Numberger-Thuy beim Schaffen nokucken.

Mat engem klenge Buerer mécht d‘Paleontologin de Fossil propper. Dobäi geet si ganz virsiichteg a prezis vir an huet ee Schutzbrëll un.

“Ich kann dann auch auf die Art und Weise herausfinden, wo das organische Material anfängt, weil sich das wieder genau da, wo das Fossil ist, spaltet. Und dann springen quasi die Stücke da ab, wo sie sollen und dann kann ich das sehr schön sichtbar machen.”

Si ass eng vun de fënnef Preparatricen hei an der Groussregioun.

Um Dësch leien op den éischte Bléck eng ganz Partie gro Steng, déi alleguer ongeféier een hallwe Meter laang sinn. Op deenen eenzele Stécker gesäit een den Ofdrock vun den eenzele Kierperdeeler.

Ganz virsichteg mécht d'Lea Numberger-Thuy de Fossil propper | © Sophie Schroeder
Ganz virsichteg mécht d'Lea Numberger-Thuy de Fossil propper (Foto: Sophie Schroeder)

Eng seelen Decouverte

Mat e bësse Virstellungskraaft, a mat dem rekonstruéierte Bild vum Déier, wéi et viru 406 Millioune Joer soll gelieft hunn, niewendrun, erkennt een effektiv ee risege Skorpioun.

Konkret handelt et sech hei ëm ee Séiskorpioun vun der Gattung Jaekelopterus, deen zwar ganz wäit Famill ass mat de Skorpiounen, wéi mir se haut kennen, mee eng Grupp fir sech ass, déi virun 250 Millioune Joer ausgestuerwen ass, preziséiert de Paleontolog Ben Thuy.

“Das war ein Wassertier, und gegen den Namen Seeskorpion spricht eigentlich, dass die meisten Vertreter im Süßwasser gelebt haben, also nicht im Meer. Es gab auch Vertreter im Meer, aber gerade den, den wir hier haben, war tatsächlich ein Süßwasserbewohner.“

Dëse Séiskorpioun huet als Raubdéier an Dëmpelen, Flëss oder Deltae gelieft a war dat gréisste Raubdéier a sengem Liewensraum, betount, de Ben Thuy.

Decouvertë wéi déi heite gëlle weltwäit als extreem rar, virun allem wann d’Segmenter nach esou zesummenhänken.

Verstengert Iwwerreschter vun engem Liewewiesen

D’Paleontologin Lea Numberger-Thuy erkläert, wéi dëse Skorpioun iwwer déi lescht Millioune Joer zu engem Fossil gouf: D‘Schicht iwwer dem Buedem huet wéineg bis guer kee Sauerstoff, an et gëtt och keng Bakterien, déi d‘Déier zersetze kënnen. No an no gëtt d‘Déier da mat Bulli zougedeckt.

"Und der Druck presst es dann, so ein bisschen wie eine Blume in einem Buch, und nach und nach wird chemisch das Material dann durch Stein ausgetauscht.”

D'Paleontologen Lea Numberger-Thuy a Ben Thuy | © Sophie Schroder
D'Paleontologen Lea Numberger-Thuy a Ben Thuy (Foto: Sophie Schroder)

Eng Ausgruewung mat Erausfuerderungen

D’Aarbechte fir dëse Fossil auszegruewe waren net immens einfach. An zwar net nëmme wéinst deem ville Waasser op der Plaz an de fragillen Iwwerreschter vum Skorpioun, erkläert den Expert Ben Thuy:

“Was die Sache auch sehr schwer gemacht hat, war eben, dass wir schon im Fels gesehen haben, dass das Teil schon in sehr viele Einzelteile zerbrochen war. Also das war schon vor der Bergung in winzige Stücke zerbrochen.“

D‘Erausfuerderung hätt dann dora bestanen, deen immens haarde Steen esou erauszekréien, ouni datt d‘Stécker verluer ginn.

Am Ganzen 240 Stonnen hunn d’Paleontologen ugesat, fir de komplette Fossil fir de Musée ze preparéieren. Viraussiichtlech Enn Oktober kënnt de Skorpioun dann op Lëtzebuerg an den Nationalmusée fir Naturgeschicht.

Do wäerten déi eenzel Stécker dann och esou ze bewonnere sinn, wéi si bei den Aarbechte fonnt goufen. Déi Stecker déi feele wäerten och net kënschtlech bäigefléckt ginn, esou wéi dat bei anere Muséeën dacks de Fall ass.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wëssenschaft