Wéi d‘Police mellt, wier ee vun de Chaufferen éischten Erkenntnisser no op d‘Géigebunn geroden an do an ee Gefier gerannt, wat aus der anerer Richtung koum. Dëst gouf doropshi widder e Bam geschleidert.
Déi zwee Chauffere koumen an d‘Spidol. Ee vun hinne schwieft a Liewensgefor. D‘Spueresécherung vun der Police war op der Plaz.