Radioen

On air

9 bis 1  |  Soccer Mommy - Abigail

play_arrow Live
search

/ Schweden ass vun haut u Member vun der NATO

International

Schweden ass vun haut u Member vun der NATO

No 200 Joer Neutralitéit gëtt Schweden haut offiziell Member vun der NATO. De schwedesche Premier Ulf Kristersson reest haut op Washington, wou hien déi offiziell Dokumenter kritt.

auto_stories

1 min

Zu Bréissel virum NATO-Haaptquartéier gëtt dann och de schwedeschen Fändel opgezunn. Russland hat ugekënnegt am Fall vun engem schwedesche Bäitrëtt Géigemesüren z‘ergräifen.