D'Nationalhymn vun der Ukrain gouf gëschter um Sonndeg zu Whitehall am Londoner Regierungsquartier gesongen, wärend europäesch Leader net wäit ewech iwwer Zukunft vum Land diskutéiert hunn.
"Et krempelt een d’Äerm erop an et hëlt een den Telefon an de Grapp"
Op dëse Sommet hat de Keir Starmer agelueden. Hien ass och deen, deen nom desastréise Meeting am Wäissen Haus e Freideg d'Schierbelen opgeraf huet. Als éischt hat hien de Wolodymyr Selenskyj zu London ganz waarm ëmpfaangen an him weider Hëllef ugebueden, an e Sonndeg dunn huet hien an engem groussen BBC-Interview alles druginn, fir d'Situatioun nees ze entspanen.
Op d'Fro, ob hie schockéiert wier iwwer den Eclat am Wäissen Haus, huet hie sachlech geäntwert. "Jo, ech hat mech onwuel gefillt. Kee wëllt esou eppes gesinn. Mee dat wichtegst ass, wéi een drop reagéiert", esou de Keir Starmer.
Et kéint een dat Ganzt méi schlëmm maachen, andeems ee widderhëlt, wéi schockéiert mir all sinn, oder - an esou hätt hien et gemaach - et krempelt een d'Äerm erop, et hëlt een den Telefon an de Grapp a schwätzt mat de Leaderen, esou de Keir Starmer.
Starmer: Dem Putin kann een net trauen
Op den Trump kéint ee sech verloossen, well hie jo och de laangfristege Fridde wéilt. Kritiséiert huet de Starmer den amerikanesche President net, mee hien huet awer erënnert, datt d'Ukrain Affer vum russeschen Iwwerfall ass. Dat ass e Fakt, deen de Donald Trump jo verdréie wollt. Dem Keir Starmer seng Strategie ass also weider, den Donald Trump ze luewen a gläichzäiteg d'Ukrain voll ze ënnerstëtzen.
Dem Wladimir Putin kéint een awer definitiv net trauen, an dofir wier et wichteg, datt ee Friddensofkommes och Sécherheetsgarantien hätt, esou de Premier weider.
Brittesch Press lueft de "Starmer Charmer"
An déi Sécherheetsgarantië soll Amerika liwweren. Dorop hofft déi nei "Coalition of the Willing", vun deenen elo warscheinlech méi Länner hir Verdeedegungsdepensen eropsetze wäerten. Den Trump fuerdert dat jo scho méi laang.
Mee fir deen hat um Protest keen eppes iwwreg. Et ass ënner anerem säi Langage, deen irritéiert, seet d'Irene, dat op enger Uni zu London schafft.
"Deal ass de falsche Vocabulaire. Mir verkafen näischt, a mir kafen näischt. Et geet ëm d’Recht vun de Leit fir a Fridden ze liewen an onofhängeg ze sinn."
A Groussbritannien ass de Keir Starmer fir seng diplomatescher Leeschtung héich gelueft ginn. D'Press huet hie souguer als "Starmer Charmer" beschriwwen.
Wéi den Donald Trump op déi europäesch Solidaritéit reagéiert, an ob et zu Friddensverhandlunge kënnt, ass ofzewaarden. Zu Whitehall goufe jiddefalls gëschter um Sonndeg bis Sonnenënnergang ukrainesch a brittesch Fändelen héichgehalen.