Radioen

On air

Notturno  |  Fruit Bats - It All Comes Back

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Schützt den historesche Patrimoine vun de Gemengen"

Kommentar

"Schützt den historesche Patrimoine vun de Gemengen"

Am Gespär vum Gemengenhaus vu Jonglënster ass de 25. Januar ee Feier ausgebrach. Persoune goufen dobäi zum Gléck net verletzt. Allerdéngs sinn Deeler vum Gemengenarchiv Affer vun de Flame ginn. De Virfall geheit Froen zur Archiv-Féierung an de lëtzebuergesche Gemengen op. Ee Commentaire vum Gilles Schreurs, Archivist beim 100,7.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den 100,7-Archivist Gilles Schreurs (Foto: Morgane Weidig)

De Buergermeeschter vu Jonglënster Ben Ries konnt nom Brand Entwarnung ginn. Am Archiv wier näischt zerstéiert ginn, wat vum besonnesche Wäert wier, historesch Dokumenter wéi d’ Deliberatiounsbicher aus dem 19. Joerhonnert konnte gerett ginn.

Wichtegkeet vun adäquater Archivpraxis

Obwuel de Virfall glécklecherweis manner uerg ausgaangen ass wéi geduecht, huet en awer däitlech gemaach, wei wichteg an Zäite vun zouhuelenden Naturkatastrophen, wéi Iwwerschwemmungen, Hëtztwellen an anere Geforen, wéi elektresche Kuerzschlëss, Brandstëftung an Déifstall, eng adäquat Archivpraxis ass. Dozou gehéieren déi passend Lagerplaz- a Konditiounen, wéi och forméiert Personal, dat den Traitement vun den Archivalien assuréiert. Mee firwat gëtt et dat haut an deene mannste Gemengen?

Verantwortung läit bei de Gemenge selwer

Fir eng Erklärung ze fannen, muss een ee Bléck an d’Gesetzestexter woen: Am Kommunalgesetz vun 1988 gouf festgehalen, dat d’Gemenge selwer fir d’ Versuergen an de Schutz vun hiren Archivalien zoustänneg sinn.

D’ Kontrollinstanz war de “Commissaire du district”, deen et allerdéngs an dëser Form zanter néng Joer net méi gëtt. Mam Archivgesetz vun 2018 sinn zwar kloer Richtlinnen a Bestëmmunge fir d’Archivféierung an de staatlechen Institutiounen an ëffentlechen Ariichtungen definéiert ginn, mee d’Autonomie vun de Gemengen an dem Beräich gouf awer weider bäibehalen.  

Historesche Patrimoine

Wat 2018 nei dobäi koum, war d’ Propos vun enger Kooperatioun mam Staat, déi professionell Berodung an d’Méiglechkeet vum Stockage vun den Archivdokumenter nom Oflaf vun hirem administrative Wäert an den Nationalarchive géing mat sech bréngen.

Fest steet awer: D’Initiativ muss vun de Gemenge selwer ausgoen. Lëtzebuerg-Stad, Esch-Uelzecht oder Déifferdeng sinn e puer Beispiller, wou ee gréisseren Akzent op d’Opschaffen, de Stockage an d’Valoriséierung vun den Archive geluecht gouf.

Mee och kleng Gemenge musse sech bewosst ginn, datt et an dem Beräich Efforte brauch an näischt anescht wéi de Verloscht vum eegenen historesche Patrimoine um Spill steet.

Lauschterenplay_arrow