Den éischten Informatiounen no, war een Auto laanscht de Café gefuer, an aus dem Auto eraus wieren zwee Schëss ofgi ginn.
Dobäi wier kee blesséiert ginn, huet d’Police um Donneschdeg gemellt.
E puer Police-Patrullen an d’Spueresécherung vun der Police waren op der Plaz. Eng Enquête gouf opgemaach.