No der Presentatioun vun hire finanzielle Resultater haut um Donneschdeg huet d’Banque Internationale à Luxembourg awer vun enger “zolitter Performance” geschwat. D’BIL wier “finanziell zolidd opgestallt a gutt kapitaliséiert”.
De Gesamtvolume u Kreditter ass vu 16,4 Milliarden Euro am Joer 2023 op 16,2 Milliarden 2024 liicht zeréckgaangen. D’Clientsdepote sinn d’lescht Joer op 18,8 Milliarden Euro geklommen.
E Verkaf vun der BIL gëtt gepréiwt
Viru ronn engem Mount hat d’Agence Reuters gemellt, datt d’BIL geschwënn de Besëtzer kéint wiesselen. Déi chineesesch Legends Holding, där 90 Prozent gehéieren, géif verschidden Optioune préiwen, dorënner och ee Verkaf.
D’BIL gouf 1856 gegrënnt an ass déi eelste Lëtzebuerger Universalbank.