Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Marley Waters - Brushcutter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Réckgang vu bal 10 Prozent zejoert vun den Aarbechtsplazen am Bausecteur

Invité vum Dag: Paul Nathan

E Réckgang vu bal 10 Prozent zejoert vun den Aarbechtsplazen am Bausecteur

Am Laf vum leschte Joer sinn d'Aarbechtsplazen an der Baubranche ëm bal 10 Prozent manner ginn, esou de Paul Nathan, de Vizepresident vun der Chambre des Metiers. Och déi amerikanesch Douanestaxen maachen dem Paul Nathan Suergen.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Et hätt een en Abroch bei der Nofro um Logementsmarché erlieft. An, wéinst dem Superwaljoer 2023, wieren déi ëffentlech Soumissiounen och agebrach, esou de Paul Nathan. Doropshi goufen et 4.600 Aarbechtsplaze manner wéi nach dat Joer virdrun. Dat géif net bedeiten, datt esou vill Leit entlooss gi sinn. Dovun hätte sech eng Rei Leit ëmorientéiert an anerer hätte Lëtzebuerg verlooss, erkläert de Vizepresident vun der Chambre des Metiers. 

Gehemmt bei eventueller Relance vum Secteur 

Wann de Bausecteur elo nees géif relancéiert ginn, da wier ee gehemmt, well déi néideg Aarbechtskräfte feelen. Dofir géif et dann och keng Wonnerléisung ginn, seet de Paul Nathan.

"Dat Éischt ass, mir si vun enger auslännescher Main d'oeuvre ofhängeg. Do musse mir erëm kucke vum Auswanderungsland, wat mir am Moment sinn, d'Leit erëm unzezéie vun anere Länner. Dat ass dat Éischt. Mir mussen natierlech och erëm kucken, d'Bild vum Handwierk nohalteg ze prägen. Ech mengen do maache mir aktuell an der Chambre des Métiers ganz vill. An den drëtte Punkt ass natierlech d'Formation initiale an d'Formation contenue ze stäerken."

An den nächste Jore géifen dann och 30 Prozent vun der qualifizéierter Main d’oeuvre an d'Pensioun goen. 

Suergen ëm amerikanesch Douanestaxen 

D’amerikanesch Douanestaxe maachen och der Baubranche zu Lëtzebuerg Suergen. De Chef vun der Bauentreprise Poeckes huet dobäi betount, datt een déi meescht Matièren am Ausland keeft, ausser Zement a Stol. D'US-Taxe géifen de Bausecteur direkt an indirekt treffen. Direkt duerch d'Matièrespräisser an indirekt, well manner gebaut gëtt. Dat ass fir de Paul Nathan den negative Punkt. 

"Ech mengen, et gëtt awer och vläicht eng positiv Säit ze gesinn, dodran. Ech mengen, d’Investissementer an de Lëtzebuerger Stee waren ëmmer Investissementer, déi manner volatil ware wéi elo zum Beispill den Aktiëmarché, a vläicht hëlleft déi Situatioun och erëm, méi Investissementer an de Lëtzebuerger Steen ze drainéieren, datt erëm méi Leit Investissementer eben an Appartementer an Neibauwunnengen tätegen."

De Vizepresident vun der Chambre des Métiers fäert allerdéngs och, datt et duerch d'Taxen zu Inflatioun kënnt an de Bau doduerch onnéideg verdeiert gëtt.