Besonnesch d'Taux-variablë wiere rëm vill méi attraktiv ginn. Déi sinn dann och ëm 50 Prozent par rapport zu den dräi éischte Méint an d'Luucht gaangen. D'Prête mat fixen Tauxe sinn ëm 25 Prozent geklomm.
De Statec rechent dann och am neie Konjunkturflash domat, datt d‘Inflatioun an den nächste Méint nach wäert weider klammen, an op en Neits déi 2 Prozent passéieren. Mee d'nächst Joer géif den Inflatiounstaux da rëm ënner déi 2-Prozent-Limitt falen.