Radioen

On air

Notturno  |  De La Soul - Pain Feat. Snoop Dogg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jonk Entrepreneure mat Suergen ëm ekonomesch Zukunft

Invité vum Dag: Sven Baltes

Jonk Entrepreneure mat Suergen ëm ekonomesch Zukunft

Déi jonk Entrepreneure wëlle grad an der aktueller, wirtschaftlech komplexer Situatioun den Entreprenariat ënnerstëtzen. Dat sot de Sven Baltes, neien Direkter vun der Associatioun Jonk Entrepreneuren. Déi jonk Leit, mat deene si a Kontakt sinn, géife sech vill Suergen ëm déi ekonomesch Situatioun maachen.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Duerch ënner anerem de Programm vun de Mini-Entreprisë wëlle si jonke Leit eng Rei vun Tuyaue mat op de Wee ginn, esou de Sven Baltes. Si wéilte fréizäiteg scho sougenannte Life-Skills mat op de Wee ginn. 

Do hu mir grad scho kritesch Denken ugeschwat, Resilienz, proaktiivt a wirtschaftlech Prise d'Initiativen. Dat heescht, do sinn e ganze Koup Skills, déi am Fong mir kënnen duerch eis Programmer léieren, déi de Schüler engersäits natierlech am Beräich Entrepreneuriat, mee anerersäits och am Beräich Liewensgestaltung hëllefen an do natierlech e vill méi klore Kapp hunn a punkto Projeten, Liewensgestaltung an esou weider. 

Hir Haaptmissioun wier et net, dofir ze suergen, datt méi Entreprise gegrënnt ginn, betount de Sven Baltes nach weider, si wéilten jonk Entrepreneuren éischter mat hëllefräichen Tipps ënnerstëtzen, esou nach de Sven Baltes.

Si begleeden dann och déi sougenannten Mini-Entreprisen an de Schoulen, andeems si déi Jonk mat erfuerenen Entrepreneuren zesummebréngen, erkläert de Sven Baltes.