Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Ben van Gelder feat. Mark Turner, Ben Street, Peter Schlamb, Sam Harris, Rick Rosato, Craig Weinrib - R.E.L.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suite vum Sträit tëschent ZUG a Stad Lëtzebuerg

Verwaltungsgeriicht

Suite vum Sträit tëschent ZUG a Stad Lëtzebuerg

De Sträit tëschent der Stater Gemeng an dem “Zentrum fir Urban Gerechtegkeet” (ZUG) ass um Donneschdeg um Verwaltungsgeriicht an déi zweet Ronn gaangen.

auto_stories

2 min

An der éischter Instanz hat ZUG am November Recht kritt. Am Sträit geet et ëm Informatiounen iwwer d’Sécherheet vu Foussgänger an der Stad Lëtzebuerg.

Den Tribunal administratif hat am November der Stater Gemeng ordonéiert, fir essenziell Informatiounen iwwer d’Sécherheet vu Foussgänger an der Stad Lëtzebuerg public ze maachen.

D’Stad hat eng eegen Analys dozou net wëllen erausginn. Si hat am Dezember dann och Appell géint dat éischt Urteel gemaach. Elo huet d’Cour administrative sech mat der Affär befaasst.

Pickeg Froen an der zweeter Instanz

An der Sëtzung hat de President zum Deel pickeg Froe fir d’Affekote vun deenen zwou Säite parat. Sou zum Beispill op d’Remark hi vum Me Kariger, engem vun den Affekote vun der Stad, datt ënner anerem een net fäerdegt Dokument net public ze maache wier.

Dozou wollt de President wëssen, ob esou Informatiounen ëmmer onfäerdeg géife bleiwen. Wouzou de Me Helminger, deen aneren Affekot vun der Stad, gemengt huet, datt déi “jo, ni fäerdeg géifen”. Wat de Me Pierre Durand, Affekot vun ZUG, dozou bruecht huet ze erklären, datt d’Stad ni kommunizéiere wäert. Hien huet an deem Kontext vun engem “brouillon éternel” geschwat.

Donieft huet de Me Helminger erkläert, datt d’Gemeng ZUG invitéiert gehat hätt, fir d’Analys vun der Stad kucken ze kommen. “War dat vun ZUG net gewollt?”, huet de President deem säin Affekot gefrot. Dat wier e gudden Ufank, mee um Enn sollt d’Dokument erausgi ginn, huet de Me Durand geäntwert. Wouropshin de Riichter gefrot huet, ob dat eng Fro vum Prinzip wier. D’Propos géif net duergoen, war dem ZUG-Affekot seng Positioun dozou. De President huet dunn d’Fro gestallt - ouni eng Äntwert drop ze kréien - firwat ZUG da souzesoen deen Akkont do net ugeholl hätt.

D’Urteel an den nächste Wochen

De Me Durand huet villméi op d’Fro no administrativer Transparenz verwisen. “Dir hätt mat der Invitatioun vun der Stad schonn eppes kritt, mee Dir sot neen”, war d’Remark vum President dorop. Éier de Me Helminger nach betount huet, d’Net-Kommunikatioun vu esou Dokumenter misst de Prinzip bleiwen. An datt eng Gemeng de Choix treffe kéint, fir een Dokument erauszeginn, oder eben net.

D’Urteel an dëser Affär gëtt an deenen nächste Woche gesprach.