Zu den Oploe fir den Haaptugeklote gehéiert ënner anerem eng psychiatresch a psychologesch Behandlung. Donieft muss hien der Famill vum Affer 56.000 Euro an der Gesondheetskeess ronn 7.350 Euro Schuedenersatz bezuelen.
Fir de Matugeklote koum eng Suspension du prononcé eraus: Et gouf also wuel zeréckbehalen, datt ee Feeler geschitt ass, dofir awer keng Strof gesprach. Fir de Maitre Moyse, Affekot vum Matugekloten, ass dat zwar net dee komplette Fräisproch, deen de Client a sengen Ae verdéngt hätt, mee et wier net wäit dovun ewech. Wichteg wier, datt näischt an de Casier stoe kéim.
"Sécher ass awer, datt et en akzeptabelt Urteel ass, well mäi Client wierklech probéiert huet, ze intervenéieren, fir datt kee Kand oder keen Trainer do ëmbruecht gëtt, an datt hien probéiert huet, do als Bierger ze handelen. Fir de Rescht wäerte mir zesumme kucken, ob dat e Sënn mécht, fir do an Appell ze goen, oder net."
Virun eppes méi ewéi zwee Joer war dat spéidert Affer no engem Sträit mam Haaptugeklote mat Messeren op d’Trainingsterrainen an der Hiel zeréckkomm. Den Haaptugekloten hat um Enn mat engem vun de Messeren op de Mann agestach, dee Stonnen drop u senge Blessure gestuerwe war.