Volle mat Gewalt an Abréch wieren erofgaangen an dat kéint ee positiven Afloss op Sécherheetsgefill vun der Populatioun hunn. Dës Baisse féiert den LSAP-Politiker ënner anerem op d'Preventiounsaarbecht vun der Police zeréck. Elo wier et wichteg, datt d'Gemengen d'Detailanalys vun den nationale Statistike maachen.
Net esou erfreet iwwer de Policebilan vun 2024 weist sech den Tom Weidig. Den ADR-Deputéierten hätt gäre gewosst a wéi enge Regiounen d'Kriminalitéit héich ass a wéi d'Täterprofiller géifen ausgesinn. Wéi d'Statistiken no Regiounen ausgesinn, ass och dem Marc Goergen vun de Pirate wichteg. Hie mierkt awer och un, datt duerch de Réckgang vu Strofdoten, d'Moossname bei der Police an deene leschte Jore géifen hir Friichten droen.